Mir sin nees on tour

No langer Zäit maachen mir erëm en (klengen) Tour 🙂 vum 12ten Juni bis den 6ten Juli an zwar duerch Schweden. D'Westküst erop an dann duerch d'Land iwert Karlstad, Uppsala op Stockholm. Vun do get et erôf op d'Insel Öland, weider op Malmö an dann heem.

Iwer Copenhagen a Richtung Schweden

Röstanga

Den Leuchturm zu Mölle

Göteborg

Hei e puer Andrëck op eisem Wee.......

Hei en schéint Duerf "Fjalbäcka" berühmt duech dem Camilla Läckberg seng Krimi'en.

Stockholm

........

........

D'Wasa!!! en impressionant Krichschëff vun 1623 wat am Hafen vun Stockholm bei der Jungfernfahrt direkt ënnergang ass. Si haten zevill Kanounen drop getësselt.... Et ass pracktesch komplett erhaalen well et 300 Joer am Schlamm luch. Et ass 1961 fonnt gin an zënter Mëtt den 80er Joer kann een et kucken goen...MEGA

Weider get et mam Ferry vun Oskarshamn op d'Insel Öland an zwar an den Hafen vun Byxelkrok uewen am Norden. Öland ass d'Vakanzeninsel vun den Schweden an ass 140 km lang an 16 km breet. D'Sonn schengt hei am meeschten an d'Schweden lounen hei eent vun den villen Vakanzenhäiser oder gin op een vun den 25 Campinger. "Ackerbau und Viehzucht" hun d'Schweden hei bedriwen. Well esouvill Wand ass sin enorm vill Wandmillen vun fréier hei ze gesin.