Wales - Snowdonia, Devon, Kent

Den 22ten September geet et da weider an de Cornwall. Mir fueren a Richtung op Land’s End, de westlechste Punkt vu Groussbritannien,  duerch « Dartmoor » wat eng wonnerschéi Géigend ass.

Zu Tavistock war dann dee groussen Dag. Ech konnt endlech fëschen ouni grouss nach mussen iergendwou e Permis ze organiséieren.

Owes hu mir da mat vill Stress an iwwert eng Stonn eise Caming gesicht dee mir reservéiert haten. De Büro war natierlech um siwen Auer owes zou a mir hunn eis einfach op eng frei Platz gestallt an eng vun de super Forelle gegrillt.

Weider geet et dann op Land’s End, Mousehole (wou mir bal an de Stroossen stieche bliwwe sinn), Newlyn a Penzance. Et ass da leider och déi éischte Kéier wou et richteg Reent am Nomëtteg an och net méi ophält.

Land's End

Mousehole

Den Dag drop ass dann nees schéi Wieder a mir maachen e super Ausfluch op de St.Michael Mounth zu Marazion. Dëse Bierg erënnert un den Mont St. Michel an der Bretagne.

Et war eng Buerg, dunn e Klouschter an herno e Schlass.

Mat klenge Scheffer geet et eriwwer...
Mat klenge Scheffer geet et eriwwer...

Stoke Fleming

Vum Süden geet et elo lues a lues a Richtung Osten fir op Dover wou mir wëllen de Ferry huele fir op Calais. Dës Stréck féiert eis duerch kleng Dierfer an eng Onmass vu klengen Häfen.

Dartmouth
Dartmouth
Dësen Autoferry gëtt mat engem Schëff gezunn..
Dësen Autoferry gëtt mat engem Schëff gezunn..
Op der Buerg zu Dartmouth
Op der Buerg zu Dartmouth
Totnes
Totnes
Sidmouth
Sidmouth

Portland

Eise virleschte Stopp ass de New Forest. Mir hunn eng gutt Platz kritt a mir kënnen den Apéro dobausse virum Camper beim Sonnenënnergang genéissen. An der Nuecht fänkt awer un mat reenen ewéi aus Eemere geschott. De ganze Samschdeg ass emol Reen a Sonn. Dat ass awer kee Problem well mir haut duerch de New Forest fuere wou d’Päerd frei lafe kënnen. Eng wonnerbar Natur.  Et ass dem Jang säi Gebuertsdag a mir ginn den owend gutt Iessen an den « Chewton Glenn » zu New Milton.

Christchurch

Camping Thorney am New Forest

Weider geet et bei schéinem Wieder laanscht d’Küst  iwwert Porthmouth, Brighton, Eastbourne bis erop op Canterbury.

WE ARE ON OUR WAY HOME ! 🙂

E Mëttwoch um 12 :55 huele mir de Ferry P&O vun Dover op Calais. Et war e flotten Tripp.

Hei déi lescht Fotoen .....

Brighton
Brighton
White cliffs
White cliffs
Norman's Bay
Norman's Bay
Cathédral Canterbury
Cathédral Canterbury
Aalstadt Canterbury
Aalstadt Canterbury