Omaruru-Usakos-San Village-Swakopmund, Namibia Desert, Cap Town, Jo-burg

Vum Etosha Park geet et an Richtung Swakopmund. Ënnerwee  Iwernuechten mir an den Bierger op engem Camping ouni Stroum an Sanitär ausser enger Toilette. Fir eng Nuecht ass dat awer keen Problem. Hei hun mir en Treffen mat enger Famill déi do drei Méint esou liewen wéi hir Virfahren gelieft hun. Duerno kënnt eng aaner Famill. Esou wëllen si hiren Kanner an och den Touristen weisen wéi et fréier war.  Et sin dat den Stamm „SAN“ . Op enger Wanderung vun zwou Stonnen gin mir vill gewuer iwert d’Juecht, d’Natur an hir Kultur.

Owes hun mir zesummen en Grill organiséiert. An den Bierger mat engem Stärenhimmel  war dat natierlech genial!

Camping an den Bierger

Um Strand konnen mir dunn och nach honnerten vun Flamingos nokucken.

Eisen Guide

Eis Jeepen

Zu Swakopmund konnten mir drei Deeg méi oder wéineger relaxen. Hei waren zwee flott Ausflich organiséiert.

Den éichten Dag mat den Jeepen Duerch d’Wüst. Hei hun mir Schlangen, Skorpiounen an Kamelionen gesin.

Den zweeten Dag dann mam Schëff eraus bei  d’Delfinen, d’Pelikanen an d’Séihënn. Dës zwee Ausflich hun ëmmer 5-6 Stonnen gedauert.

Um Mier war et frësch mat nëmmen 22 Grad am Dag an owes nach 15 Grad. Mir waren dun frou wéi et wieder gang ass an den  „Namib Desert“, Sossusvley an Duwisib. Eng wonnerschéin Géigend mat Bierger, Wüst an mega héigen  Dunen. Och do ass den Sand net ausbliwen!! Duerfir awer  all owes en schéinen „Sunset“ .

Mam klengen Flieger si mïr nach eng Stonn iwert Dünen geflun bis zrëck op d’Küst. FANTASTESCH!

Elo hu mir emol richteg gesin wéi grouss „Namib Desert“ ass.

An eisem Grupp haten mir bis elo 15 Platten an den leschten fënnef Deeg. Mir waren och geschter nees dobäi esou dass mir der elo drei haten.  Och dat ass AFRIKA!!

Den Zoustand vun den Camper gëtt ëmmer méi schlecht. Et rabbelt an kuitscht an allen Ecken. Eis Batterie ass op NULL, also owes keng Luucht a keen Waasser am Camper. Haut kommen mir op Luderitz do sollen dann nees all déi Problemer geléist gin. Do gin och 4 nei Pneuen kaaf well de Moment fueren mir ouni Ersatzrad. Ganz schlecht hei op der Gravelroad! 

Den Zoustand vun den Camper gëtt ëmmer méi schlecht. Et rabbelt an kuitscht an allen Ecken. Eis Batterie ass op NULL, also owes keng Luucht a keen Waasser am Camper. Haut kommen mir op Luderitz do sollen dann nees all déi Problemer geléist gin. Do gin och 4 nei Pneuen kaaf well de Moment fueren mir ouni Ersatzrad. Ganz schlecht hei op der Gravelroad!

Lüderitz leit um Mier an eisen Camping op enger Landzong wou et mega bléisst ouni emol eng Kéier opzehalen. D’Camperen wackelen am Wand an den Sand gi mer elo guer net méi meeschter. Mir kruuten eng anner Batterie déi elo besser fonktionnéiert. Mengt den Technicker! Dem Ed seng Handbrems ass och nees gefléckt a mir hun nei Pneuen kritt esou dass elo nees jidfereen zefridden ass.

Camping zu Aus

Helmeringshausen-Stop

Päerd déi zrëck bliwen sin aus der Kolonialzäit.

Afrikatesch Arbechten op der Strooss. d'Meedchen muss op den Stull klammen fir ze kucken..

Klengen Sandsturm...

Déi lescht zwee Deeg an Namibia hun mir nach flott Saachen gesin. Ënneraanerem den Fish River Canyon an d’Giant’s Playground wou een mengt et hätt en Ries mat den Bauklötz gespillt.

Eis zwee Guiden sin ëmmer do fir den Groupe. D’Isabelle mecht gär den Clown an den Christophe hëlleft wann nees eppes un den Camperen net klappt.

Ab dem 17ten November si mer nees an Südafrika. Beim éischten Camping zu Springbok hun se all hiren Camper entstëppst. Et war derwärt.  D’Wieder ass herrlesch (27 Grad) mat e besschen Wand.

Iwert d’Lambert’s Bay, wou mir d’Bird Island besichen waren an och do campéiert hun  si mir haut zu Melkbosstrand, 20km virun Cape Town ukomm.

Hei bleiwen mir fir drei Deeg fir Cape Town an d’Ëmgéigend ze besichen.

Cape Town…..eng flott Stadt. Multi culti. Déi drei Deeg hun mir vill gesin. Den Tour ronderem den Cape war mega flott. All déi Andréck vun der Natur, den Bierger an dem Mier sin immens.

Et muss een awer och soen dass den Ënnerscheed vun den  Leit déi gutt hei liewen an den armen Leit immens grouss ass.

Zu Cape Town hun 4 Camper eis verlooss. Déi hun déi 6 Wochen tour gemaach. Elo ass eisen Grupp kleng  mat nëmmen 12 Camper. Et geet elo vill méi relax weider déi next zwou Wochen bis och mir eisen Camper mussen ôfgin.

Iwert  Stellenboch, mat engem mega flotten Pick-nick bei engem groussen Wënzer dem „Bochendaal“ , geet et wieder op  Hermanus an Mossel Bay.

Zu Hermanus wollten mir Wahlen kucken. Leider waren keng do awer duerfir haten mir eng  flott Bootsfahrt bei herrlechem Wieder  a mir hun 50% vum Präis zrëck kritt. Dank eisem Guide dem Christoph, deen alles fir eis mecht!

Mossel Bay war ganz flott an zu Oudtshoorm waren mir Cango Caves an eng Show Straussen Farm besichen. Eisen Camping do war mega schéin. Den Hans huet do och säin Gebuetsdag gefeiert.

Leider hun mir haut den 26ten November deen éischten Reen gehat zënter 7 Wochen. Mir sin um Mier zu Knysna an et sin nach nëmmen 13 Grad an et reent an bleist vun allen Säiten. 

Den ganzen  Wee wou mir elo fueren ass immens schéin a geet den gréisten Deel laanscht Mier. Och  all ons Campinger leien um Mier. Einfach super. Vum 27-29ten November bleiwen mir am Tsitsikamma National Park.

Am Addo Elefant Park ukomm sin mir  direkt op d’Piersch gang.

Den Dag duerno si nach emol  bei d’Waasserlach „ Habour“gefuer um 7 Auer an hun do Kaffi  gedronk mat den Elefanten. Genial!