mam Rachel
Endlech si mir nees on Tour.
München ass eisen éischte Stopp an no engem 9,5 Stonnen Tripp si mir do!!! a verbréngen e puer flotter Deeg.
mam Cici a Coci
Vun do geet et weider iwwert Zürech an de Wallis. Zu Konstanz ass nach e Stopp geplangt. Am Wallis si mir mat dräi Camper ënnerwee fir eng kleng Woch. Eis schweitzer Frënn hu mir a Südafrika 2015 kenne geléiert an de Kontakt gehal.
Aletsch Gletscher Bergstation Eggishorn
Arona
Um Wee fir op Genua, wou mir de Ferry huelen eriwwer a Sardinien, verbrénge mir nach e puer flotter Deeg um Lago Maggiore.
Mir kommen Dënschdes zu Genua un a kënnen nach e schéinen Dag bei super Wieder do verbréngen. E Mëttwoch geet et op de Ferry.
Hafen zu Olbia
Zu Olbia si mir gutt ukomm, och wann de Ferry schon e puer Joer um Bockel hat !
Den éischten Androck vu Sardinien ass super !!! Mat der Vespa si mir gutt ënnerwee.
Eise Camping do war super schéin an Terrassen ugeluegt. Mir haten eng super Vue op d’Mier.
Eisen Tripp geet haut weider duerch d’Bierger iwwert d’Jerzu, Pedrasdofogu, Ballao, San Vito bis op Muravera wou eise Camping « 4 Mori » direkt um Mier leid. Hei bleiwe mir zwee Deeg, bis e Sonndesch.
Déi éischt dräi Deeg verbrénge mir ronderëm Budoni wuel dass mir d’Ostküst erof fueren. Porto San Paolo, Capo Coda Cavallo, Posada a La Caletta …..
Duerno geet et weider op Orosei wou mir Sonndes Moies um Camping anchecken.
Am Biderosa Nationalpark fuere mir mat der Vespa déi schéi Stränn of. Et si wonnerbar Plaze wou mir e bessche relaxe kënnen.
No zwee Deeg geet et d’Ostküst weider fir d’Grotta del Bue Marino an d’Cala Luna mat engem Boot ze besichen. De Camping do ass kleng awer tip top.
Mëttwoch geet weider op Arbatax duerch d’Bieger. Eng wonnerschéi Stréck.
Marina San Gemiliano
Déi zwee Deeg op der Costa Rei ware super schéin. Et si schon immens vill Turisten ënnerwee mat klenge Kanner déi nach net an d’Schoul mussen (3 Méint bis 5 Joer)
Action !!!
Méindes geet et da weider a Richtung Cagliari mat engem Stopp zu Villasimius.
Haut si mir mat der Vespa vu Villasimius op de Capo Carbonara an nach e Stéck lanscht d’Ostküst gefuer. Mega schéin. Owes ware mir an d'Stad wou eppes méi lass war wéi um Camping. Flott Ambiance matt Stänn op de Stroossen a vill Leit.
Muer fuere mir awer dann definitiv an de Süden op Cagliari. Et ass Mëttwoch den 13ten.
Cagliari
Cagliari
Cagliari
Wa mir geduecht hunn d’Ostküst wär schéin dann hu mir elo op den éischte Kilometere gesi wéi schéin d’Westküst ass. Um Wee fir op Sant’Antioco hate mir eng wonnerschéi Route.
An et geet esou weider. Wou mir hikommen ass et immens schéin. Mir hätten dat net geduecht.
Um Wee op Arbus
Eng super Fielsebar