.... nach e puer Deeg

Pink beach

Pink beach

Porto Pollo

Porto Raphael

Porto Pollo

Eisen Tripp mam Segelschëff war formidabel. Kleng Anekdot : Owes wéi mir vum Schëff erof sinn hat een seng Sandale mam Jang senge verwiesselt. Gott séi dank hat en och Gréisst 44 esou dass de Jang elo neier huet.

Méindes maache mir e flotten Tour duerch d’Hannerland. Vu Palau op Arzachena, Tempia an zrëck iwwert Arzechena op Porto Cervo. Um Wee ware mir e riesegt Graf (1600 viru Christus) kucken. Zu Tempia nach eng Nuraghe wou och e flotte Bëschrestaurant war wou mir gies hu Mëttes.

Eis zwee lescht Deeg verbrénge mir dann och op der Costa Smeralda wou mir nees flott kënne mat der Vespa iwwerall hikommen.

Riesegraf
Riesegraf
Nuraghe Li Muri
Nuraghe Li Muri
Tempia
Tempia
Sardinesche Plat
Sardinesche Plat
Bëschrestaurant
Bëschrestaurant
Costa Smeralda
Costa Smeralda
Baia Sardinia
Baia Sardinia

Costa Smeralda

Porto Rotondo
Porto Rotondo
Porto Rotondo
Porto Rotondo

Sardinien ass eng wonnerschéin Insel. Et muss ee sëch e besschen un de Fahrstyl vun den Italiener gewinnen. Och déi genervten italienesch Mammaen mat hire Bambinoe sinn hei net ewegzedénken.

Alles an allem war et eng mega schéin Zäit an dir liest nees vun eis op engem nächsten Tripp…..