Um Wee fir dohinn .....

Fënnef Woche ware mir elo doheem an hu Villes an d’Rei gemaach. Den 2te Mee konnte mir eis dunn nees op de Wee maache mam Ziel « ALGARVE »

Éischte Stopp an der Loire wou mir dräi Schlässer besicht hunn :

Chambord, Chenonceaux an Azay-le-Rideau

Chambord ass impressionnant vun der Architektur hier. Chenonceaux e Waasserschlass wou et bannendra vill ze kucke gëtt a mat engem immens schéine Park. Azay-le-Rideau läit am Duerf an ass e klengt Schlass wat bannendra komplett nei restauréiert ass. Wuel dass et bis 1900 nach bewunnt war gesäit et och nach esou aus wéi wann ee géif dra wunnen.

Chambord
Chambord
Chenonceaux
Chenonceaux
Azay le Rideau
Azay le Rideau
Azay le Rideau
Azay le Rideau

Schéine Camping bei engem Séi zu St.Germain les Belles

Eigentlech wollte mir weider an d’Ardèche, hunn awer elo decidéiert iwwert Limoges, Cahors direkt op Toulouse (la ville rose) ze fueren. D’Ardèche versuerge mir eis fir de Retour. Um Wee hu mir e Stopp gemaach zu « St.Cirq Lapopie » beim Floss « Le Lot ». En Duerf aus dem Mëttelalter mat e puer historeschen Haiser aus dem 13te Joerhonnert.

St.Cirq Lapopie

St.Cirq Lapopie

Owes de 5te Mee komme mir zu Toulouse u wou mir zwou Nuechte bleiwen. Et ass extreme Wand. Mol kucke wat dat gëtt.

No enger stiermescher Nuecht mat vill Ree si mir awer moies op Toulouse gefuer. Mat der Navette vum Camping (wat et net oft gëtt) bei de Metro fir an d’Stad.

Toulouse « la ville rose » huet säi Numm net gestuel. Ganz schéin historesch Haiser aus katalaneschen Zille gebaut an eng grouss Foussgängerzon. Wéi esou oft ass d’Wieder besser ginn a mir hunn e flotten Dag verbruet och wann op all Eck Männer vun der Arméi stinn. D’Fransouse sinn nach ëmmer am Ausnamezoustand, an elo nach méi duerch d’Wahlen.

E flotte Mart...

an e coole beach..

Vun Toulouse aus weider op Saint Jean pied de port, e Pilgerduerf wat um Wee vum « Pèlerinage Saint-Jacques de Compostelle » läit. D’Wieder ass schéin a mir begéine vill Wanderer a Vëlosfuerer déi dëse Pilgerwee maachen. Och léiere mir e Lëtzebuerger kennen dee schonn e puer Joer, nodeems hien de ganze Wee op Compostelle an dräi Méint gemaach huet, hei wandere kënnt an all Joer als Benevol eng Woch am Aschreifs- a Vermëttlungsbüro hëlleft.

De Wee fir op Pamplona a Spuenien war eng Biergstrooss vu 75 Km wou mir zwou Stonne gebraucht hunn. Pamplona selwer ass eng flott Stad. Hei si mir och nees drun erënnert ginn, dass d’SIESTA grouss geschriwwe gëtt an tëschent zwou a véier Auer näischt lass ass.

Tapas zu Pamplona
Tapas zu Pamplona
St.Jean pied de port
St.Jean pied de port

Tapas zu Pamplona

Zu Pamplona ginn d'Stéieren duerch Stroosse gehetzt
Zu Pamplona ginn d'Stéieren duerch Stroosse gehetzt
Um Wee fir op Pamplona
Um Wee fir op Pamplona

Eng kleng Paus nach zu San Sebastian um Mier fir dann zu Zarautz um Camping anzechecken. Muer geet et weider op Bilbao.

Den Gugenheim Museum zu Bilbao huet eis et ugedoen. Déi fantastesch Architektur muss ee sech wierklech ukucken.

Och hei hu mir Lëtzebuerger begéint déi mir kennen.

Astorga

Eigentlech wollte mir jo lanscht d’Küst vum Atlantique fueren an dann erof an de Portugal mee elo hu mir awer d’Idee kritt fir duerch Spuenien dem Pilgerwee no ze fueren bis op St.Jacques de Compostelle.

Zu Astorga, mir sinn den 10ten Mee, maache mir e Stopp. Eng grouss Stad awer mat engem flotten Duerfkäer. Et ass frësch an owes fänkt et och u matt reenen. Mir schlofen op engem einfache Camping am Bësch zu Villamartin de la Abadia, no bei Leon.

Den Dag zu St.Jacques de Compostelle ass leider vereent a mir verloosse Spuenien mat impressionnanten Andréck vun all deene Pilger déi do no engem laangen an ustrengende Wee ukommen.

De Moien hu mir och gemierkt dass hei d’Auer net op Summerzäit gestallt ass esou dass mir schonn um 7:00 Auer an den Dusche waren.

Um Wee fir op Coimbra maache mir e Stopp zu Aveiro. Eng flott Stad mat schéine restauréierte Jugendstilhaiser wou d’Facade mat Kachele gemaach sinn. Waasserkanäl lafen duerch d’Stad a verschidde Boubrécken hunn der Stad de Numm « Portugisëcht Venedeg » ginn. Weider geet et dann iwwer Praia de Mira op Coimbra wou mir am Camping « Ar Puro » fir zwou Nuechten anchecken.

Storche gesi mir iwwerall
Storche gesi mir iwwerall
Aveiro
Aveiro

Storche gesi mir iwwerall


Storche gesi mir iwwerall

Coimbra huet de Flair vun enger jonker Stad. Drëtt gréisste Stad aus Portugal mat der eelster Universitéit aus Portugal. Praktesch een Drëttel vun den Awunner si Studenten. Den Highlight vun eiser Visite war e Concert « Fado » gesongen vun 2 Studenten an zwee Studenten op zwou Gittaren (eng traditionell an eng typesch Gittar aus Coimbra) En formidabele Concert.

D'Universitéit

Méindes fuere mir e Stéck duerch d’Land an da wieder laanscht d’Küst a Richtung Algarve. Et gëtt e laangen Tour mat iwwert 400 km an zwee Stoppen zu Praia de Melides an Lagoa de Santo André. Zwou vun de schéinste Plagen. Owes schlofe mir am Duerf Vila Nova de Milfontes. Och hei ginn et wonnerschéi Stränn.

Villa Nova de Milfontes
Villa Nova de Milfontes
D'Mille vun Odeceixe
D'Mille vun Odeceixe
Praia de Vale dos Homens
Praia de Vale dos Homens
D'Buerg vu Villa Nova de Milfontes
D'Buerg vu Villa Nova de Milfontes
Odeceixe
Odeceixe

Ob eisem Wee bis ganz an de Süde vun der Algarve besiche mir verschidde Buchten a kleng Dierfer. D’Wieder gëtt ëmmer besser, haut hate mir schonn 30 Grad.

Ukomm an der Algarve siche mir eis e schéine Camping fir déi nächst Deeg.

Sagres
Sagres
Portimao
Portimao
Armacao de Pera
Armacao de Pera
Armacao
Armacao
Armacao
Armacao

Albufeira

Vilamoura

No zwee Deeg Relaxen si mir e Samschdeg an d’Hannerland gefuer. Vun Albufeira iwwert Paderne op Alte mat enger klenger Wanderung vun zwou Stonne bei de Castelo de Paderne (mauresch Buergruin). Eng kleng Paus mat Snack an da geet et weider op Salir an zum Schluss e Stopp zu Querença. Zu Loulé ware mir du leider ze spéit well all Geschäfter maache Samschdes schonn um 12:00 Auer zou.

Sonndes ass hei neicht lass. All Geschäfter sinn zou a mir profitéieren a maachen eise klenge Stot…..Wäschen a Botzen !! Nirwend eis sinn Hollänner déi fänke schonn um 12:00 Auer un mat enger Fiesta a sangen dann Owes lëschteg hir Lidder.

Igreja da Nossa Senjora da Assunçao

Méindes fuere mir op Faro, eng flott Alstad mat Festung. Och hei waren d’Storchen omnipräsent. Weider op Almancil wou mir eng Kierch ganz mat bloe Plättercher gemaach kucke ginn. Leider däerfe mir do keng Fotoe banne maachen. Zum Schluss nach e Stopp zu Santa Luzia, e Fëscherduerf wat awer och schon e bësschen touristesch ass. Eise Camping ass bei Tavira an ass super schéin.

Tavira huet eis gutt gefall. Flott Leit a schéi Geschäfter. Och hei gi mir d’Kierch kucken. Wéi ëmmer schéin. Am Mercado Municipal, eng grouss Maakthal, kafe mir an. Duerno geet et weider op Cacela Velha, eent vun de klengsten Dierfer hei an der Algarve mat herrlecher Vue op Sandbänken. Super schéin. Nach e Stopp zu Vila Real a mir verloosse Portugal fir nees a Spuenien zu Punta Umbria bei Huelva um Camping Playa la Bota anzechecken. Hei kréie mir eis Stonn zréck an et ass ½ 8 wa mir undocken.

Faro
Faro
Kuppel mat Storsch
Kuppel mat Storsch
Faro ass besat vu Storschen
Faro ass besat vu Storschen
D'Kierch vun Almancil
D'Kierch vun Almancil
Santa Luzia
Santa Luzia

Santa Luzia

Cacela Velha

E bësschen Hunneg kafen
E bësschen Hunneg kafen
Tavira
Tavira
Tavira
Tavira
Tavira
Tavira
Vila Real
Vila Real