zréck a Spunien...

Moies fuere mir op Sevilia wou mir géint 12 :00 Auer ukommen an de Rescht vum Dag verbréngen. De Camping ass iwwerfëllt well Donneschdes e Feierdag ass a mir si frou wa mir den Dag drop weiderfuere kënnen a Richtung Marbella.

Um Wee ...

op ...

Marbella

Vu Marbella wëlle mir iwwert d’Küstestrooss (Costa del sol – Costa Blanca) bis erop op Estartit fueren, wou mir eis mat eise Frënn aus dem Tauchclub treffen. De SACL feiert dëst Joer 30 Joer an der Masia wou a mir wëllen och dobäi sinn.

Tëschent Malaga an Almeria ass d’Landschaft net esou schéi well do immens vill Geméis- an Uebstziichtereie sinn déi all mat wäisse Planen zougedeckt sinn.

Vun Almeria bis op Tabernas geet et duerch d’Sierra Alhamilla. Zu Tabernas ass de Fort Bravo (Texas Hollywood) wou de Sergio Leone vill Western Filmer gedréit huet, wéi z.B. Les Dalton a Sing mir das Lied vom Tod.

D'Wäsch gemaach a keen Trockner do...
D'Wäsch gemaach a keen Trockner do...

Zu Alicante checke mir am Camping El Campello mat vill Stress an well d’Platzen esou schmuel sinn dass mir verschidden Hecke sträifen.

Haut, e Sonndescg, ware mir zu Valencia. Eng schéi Stad mat villen historesche Gebaier. Eis huet et gutt gefall och wann et waarm war. D’Kathedral war impressionnant mat schéine Molereien.

Uelegpress

De Moien hu mir decidéiert an Hannerland ze fueren an zwar op Segorbe, 40 Km vun Alicante. Eng mëttel grouss Stad mat engem flotte Stadkär an enger schéi restauréierter Buergruin. De Musée iwwert den Olivenueleg ass flott gemaach a mir kafen eis eng Fläsch Ueleg an en gudden Olivepaté.

D’Hannerland war eng gutt Idee a mir fueren eng schéi Stréck weider iwwer Teruel op Caspe wou eise Camping bei engem Séi ass. Do bleiwe mir zwou Nuechten. En Dag relaxe beim Waasser ass super.

Festung vu Segorbe
Festung vu Segorbe
Vue Segorbe
Vue Segorbe
Festung Segorbe
Festung Segorbe
Teruel
Teruel
Schein historech Gebaier
Schein historech Gebaier
Um Wee
Um Wee
Um Wee
Um Wee

Um Wee

De Séi beim Camping
De Séi beim Camping
Eis éiweg Begleiter..
Eis éiweg Begleiter..

Sagrada Familia

Zwee super Deeg zu Barcelona. Eng formidabel Stad.

Parc Guëll
Parc Guëll
Parc Guëll
Parc Guëll

Antoni Gaudi à gogo ....... Casa Batllô

Sagrada

Sagrada

Sagrada

Méindes fuere mir op Montserrat, e Klouschter wat op enger Biergterrasse leit. D’Biergkette selwer ass impressionnant, 30 km laang a 5 km Breet. Montserrat ass och e Wallfaartsplaz wou vill Pilger hikommen fir d’Madonna vu Montserrat ze gesinn. Eng Marienstatü aus donkelem Holz geschnëtzt. Iwwert eng Stonn sti mir an der Schlaang fir se vu ganz no ze gesinn. Wonnerschéin. De ganze Site leit op 1200 Meter a mir hunn eng immens schéi Vue an den Dall.

Owes checke mir zu Berga um Camping an mat Vue op déi schéi Bierger. Well et esou schéin ass bleiwe mir zwou Nuechten. En Mëttwoch geet et weider op Cadaqués.

Vue vu Montserrat....

Cadaqués ass esou schéin. Verschidde Buchten an enger Reserve Marine. Hei gëtt vill getaucht a geschnorchelt. De Salvador Dali huet hei och en Haus gehat. Et sinn nach net vill Touristen do esou dass mir en agreabelen Dag verbruecht hunn.

d'Haus vum Salvador Dali
d'Haus vum Salvador Dali

Weider geet et op Estartit wou mir e flotten Owend mat de Kollegen aus dem Tauchclub verbréngen.  30 Joer geet de Club elo schon an dee selwechten Hotel « La Masia » an de Jang huet dës Sortie mam Club an d’Liewe geruff. Esou war et normal dass mir mat hinnen dësen Anniversaire gefeiert hunn.

Ab dem Freideg si mir um Wee fir Heem. Zu Carcassonne gi mir d’Buerg kucken a schlofen zu Castre. Weider iwwert Millau geet et op Clermont Ferrand mat engem Stopp zu St.Affrique. Zu Millau kucke mir eis nach de Viaduc de Millau un vum Sir Norman Foster…..formidabel !!!

Owes schlofe mir zu St.Remy Durolle. E Camping voll an der Natur. Muer geet et weider Richtung Lyon bis op Bourg en Bresse.

Vonnas

En Dënschdeg si mir gesonnt a monter heiheem ukomm. Bei Bourg en Bresse zu Vonnas hate mir nach e flotten Owend verbruecht an zu Dijon war eise leschte Camping fir dës Rees richteg schéi beim Lac de la Liez.

Hei nach déi leschte Fotoen. Bis geschwënn op eisem nächsten Trip an Alaska am Juli.🙂

Vonnas
Vonnas
Dijon
Dijon
Dijon
Dijon
Camping Lac de Liez
Camping Lac de Liez
Montserrat
Montserrat
Montserrat
Montserrat
Camping
Camping
Berga
Berga
Berga
Berga