Vale de la Luna
LA PAZ, 1.000.000 Awunner. Chaos total. De Stäerkste gewënnt op der Strooss. Fënnef Gondelsystemer fir vun A ob B ze kommen. Héichhaiser an net fäerdeg Wunnengen. Baracken, Garagebutteker, Bulli a schlecht Stroossen.
Den éischten Dag hate mir mam Walter e super Guide dee mat eis d'Stad zu Fous gemaach huet. Héichtenënnerscheeder vun 3100-4200 Meter. Eng Erausfuerderung fir eis. De Walter wunnt hei zënter 20 Joer. En hat 15 Joer en Hotel wou mir och elo kënne mat de Camper um Parking stoen.
Den zweeten Dag hunn ech
d'Doudesstrooss mam
Mountenbike gemaach. 4 Stonnen. Fotoe kommen no!
Vu La Paz fuere mir nees an den Héichte vun 3500-4500 Meter fir schlussendlech mam Ferry iwwert den Titicacaséi ze fueren. Dat war spektakulär fir jiddereen. Ech menge mir hunn all gefaart de Camper géif net ukommen déi aner Säit.
Et huet awer tip top geklappt a mir si gutt gelaunt zu Copacabana direkt beim Titicacaséi op eiser Stellplaz ukomm.
An hei eis super Stellplaz direkt um Titicacaséi.