Lima an de Norden...

Lima d’Haaptstad vu Peru ass mat Ofstand déi gréisste Stad aus Peru. Iwwerfëllt mat Autoen, Bussen an Tuck Tuck’en. Stresseg fir hei ze fueren. Am Zentrum liewen 11 Millioune Leit an et kommen der ëmmer méi dobäi déi sech da ronderëm an de sougenannten « Pueblos Jovenes » nidderloossen.

Den éischten Dag gi mir an d’Alstad déi 1991 vun der UNESCO zum Weltkulturierwen ernannt gouf. Do sti ganz schéi Gebaier awer et liewe keng Leit do well et ze deier ass. Den zweeten Dag hu mir RV mam Alois Kennerknecht, dee scho säit ville Joren hei lieft a versicht eppes géint den Offallproblem ze maachen. Wat awer net esou einfach ass. Normalerweis gëtt den Dreck (haaptsächlech Geméis an Uebst) an Tuten op d’Strooss gehäit a verbrannt. Oder verschidde Gemengen huelen den Dreck ewech oder och net !!! An da läit en do bis e verfault ass. Seng Idee ass d’Waasser aus dem Uebst a Geméis ze pressen an dann als Kompost an de Buedem ze mëschen. Fir de Leit dat no ze bréngen ass enorm schwéier.

Déi Leit déi ronderëm Lima wunnen (iwwer 60% vun der Bevëlkerung) sinn eigentlech net aarm mee si wunnen ënner onméigleche Konditiounen. Ech hu versicht dat am Bild festzehalen.

Museo Larco

ganz flotte private Museo

Pueblos Jovenes
Pueblos Jovenes

Pueblos Jovenes


Pueblos Jovenes


Pueblos Jovenes

De gréiste Kierfecht aus Peru
De gréiste Kierfecht aus Peru
Entrée vun eisem Restaurant
Entrée vun eisem Restaurant
En einheimesche Restaurant. Poulet mat Gromperen
En einheimesche Restaurant. Poulet mat Gromperen

Méindes fuere mir op Caral déi eelste Siidlung um amerikanesche Kontinent an och UNESCO-Weltierwen zënter 2009. D’Stad gëtt op 5000 Joer datéiert mat ongeféier 1000 Awunner. Um 6 :00 Auer Moies geet et lass well mir brauchen 1 Stonn ¼ fir duerch Lima ze kommen. Méi spéit bräichte mir 3 Stonnen.

Caral

Caral

Eis Route geet iwwert « Panamericana Norte » a mir fueren duerch kleng Stied an Dierfer. Schlofen op historesche Site’en, Musée’en a beim Mier. De 6tenFebruar verloosse mir de Peru a kommen an den Ecuador.

Tortuga, flotten Hafen
Tortuga, flotten Hafen
Pelikanen, Tortuga
Pelikanen, Tortuga
Chan Chan, präkolumbesch Haptstad. Chimu-Räich
Chan Chan, präkolumbesch Haptstad. Chimu-Räich
Chan Chan
Chan Chan
Um Wee op Lambayeque
Um Wee op Lambayeque

Déi TuckTuck'e sinn eng Pescht.

Kleng Dierfer ënnerwee...

a wéi an alen Zäiten ..