Eigendlech sollte mir de 16te Februar a Kolumbien areese mee e Streik huet eis e Strësch duerch d’Rechnung gemaach. Kuerzerhand huet d’Janette proposéiert an eng Lodge an den Amazonas « Casa del Suizo » ze goe fir dräi Deeg. Dat war eng gutt Idee, mee kuckt selwer.
Vun do geet et op Quito gefuer, d’Haptstad vun Equador an ëmgi vun de Vulkanen : Cotopaxi, Cayambe an Antisana. Och besiche mir d’Äquatordenkmal « Mitad del Mundi » Et hunn zwar Miessungen erginn dass een sech verrechend huet an dat net déi richteg Plaz ass mee et war awer flott gemaach. Och hei bleiwe mir zwee Deeg well d’Onrouen a Kolumbien eskaléiert hunn. Si hunn Autoen an esouguer Kamionen a brand gestach an och soss zimlech vill futti gemaach. Also warde mir nach a fuere vu Quito a Richtung Cayambe wou mir eng Rousefarm besichen « Rosadex mat enger Hacienda aus dem Joer 1919 » an dat richtegt Äquadordenkmal besichen. Owes schlofe mir zu 4 Camper bei der Laguna Cuicocha op 3068 Meter. Déi aner si schonn op Ibarra gefuer. Dat ass flott bei eiser Rees, dass een och ka spontan eppes aneres ënnerhuelen.
Laguna Cuicocha
Sonnenopgang...
Schein...