D’Ouschterfeier déi mir organiséiert hate war immens schéin an emotionnell fir eis. Eis « Frères » wéi mir se nennen, zwee Bridder déi zesummen dës Rees maachen, hate Musek erofgeluede bei engem Karaoke Site a mir konnten all mat sangen. Wuel dass mir jo multikulti si waren et Lidder op franséisch, däitsch a spuenesch. De Ruedi, eisen Zockerbäcker aus dem Grupp, huet mam Feusi Trëtze geback.
Duerno huet d’Selina eis op Kaffie mat Kuch, Ham a Kéiss agelueden. E gelongent Zesummesinn.
Lengs ass de Franz begruewen a riets wär dann emol dem Selina seng Plaz.
Ganz festlech fir Ouschteren.
Trëtzen an Ouschterhuesen.
De Roude Léif ass ëmmer dobäi.
Säid de 17ten Abrëll liewe mir scho féier Wochen hei zesummen. An dat hu mir natierlech geféiert leschte Freideg mat Musek an Danz.
Dës Woch hunn ech mech op den Tour gemaach duerch eise Camp an e puer Fotoe gemaach.
D'lescht Woch hu mir Nowues kritt.
An direkt zwee.
E schéine Matbewunner.