Stëllsand ......

Iwwert 50 Deeg sti mir elo hei fest um Site vum Los Heroes beim Arenal Séi a Costa Rica. Mir si praktesch « Dauercamper » wat mir eigentlech net wëlle sinn. Lues a lues kënnt d’Reenzäit wat alt emol ongemittlech ass. Et ass waarm an dompeg (28-30 Grad).

Den 11te Mee sinn och hei Oplockerunge komme wat d’Fueren ubelaangt. Verschidde National Parcs sinn op awer nëmmen zu 50%. D’Plage just Moies vun 5:00-8:00 Auer. D’Grenze wäerten awer zou bleiwe bis Mëtt Juni. Mir kéime schonn eraus aus Costa Rica awer weder Richtung Mexico nach Richtung Panama weider. Och do sinn d’Grenzen zou bis wéinstens den 15te Juni. Do misste mir de Camper Aschëffen an ouni Camper heem goen ass fir eis bis elo keng Optioun. Also wäerte mir nach mussen hei aushalen.

D’Ambiance ass am Prinzip nach ëmmer gutt och wann et Deeg gi wou et immens roueg ass ronderëm d’Camper a jidderee bei sech bleift. D’Aarbechten hei um Haff si nach ëmmer eisen Zäitverdreif esou wéi Lafen, Gym, Pilates, Fëschen a Wanderen. Vun Zäit zu Zäit feiere mir e Gebuertsdag oder maachen e Grillmëtteg mam Cilena a Stefan a kucken Open Air Filmer owes op der Terrasse vum Pool.

Den 10te Mee war Schwäizer Mammendag an och do war nees e schéine Concert an der Kapell an duerno Apero beim Pool.

Dem Ruedi säi Gebuertsdag.

Am Bitzatelier gi Flëckereie fir d'Cilena gemaach.

D'Floos/Ponton war vill Aarbecht.

Gëtt awer all Dag benotzt.

D'Déieren déi mir kënnen all Dag bewonneren.

Fëschen ass esou relax.
Fëschen ass esou relax.
Bis elo sinn 8 Kälwer op d'Welt komm.
Bis elo sinn 8 Kälwer op d'Welt komm.
Einfach idyllesch.
Einfach idyllesch.
Et ass alles an der Bléi ...
Et ass alles an der Bléi ...
an eise Gard och!!!
an eise Gard och!!!

Apero beim Pool fir de

schwäizer Mammendag.

An de klenge wäisse Boxe wunnen déi kleng Kälwer.

Et huet sech bis elo nach net vill geännert wat d'Oplockerungen ubelaangt. D'Grenzen si nach zou. Mir wäerten den 8te Juni en Tour duerch Costa Rica maache mam Camper an dann nees hei op Los Héroes bei d'Silena zréck kommen. 

Hei awer nach e puer flott Fotoen.

Beim Boot asetzen war de Jeep bal mat ënnergang ...

mee de Stefan konnt hëllefen ..

...dunn huet och nach de Motor gestreikt!!! A keng Fesch gesinn.

Eng Kéisfondue ass ëmmer gutt.

An hien hei ass faarweg ofgestëmmt mam Blat.

Mat Bamboos de Reen ëmgeleed.

Eis éischt Kornischongen.
Eis éischt Kornischongen.

Eis éischt Kornischongen.


Eis éischt Kornischongen.

Déi éischt Kälwer op hierem éischte Fräigang.
Déi éischt Kälwer op hierem éischte Fräigang.
Dee ass aus dem Nascht gefall.
Dee ass aus dem Nascht gefall.

Dës schéin Servéierblusen sinn an eisem Bitzatelier fir dem Silena säi Personal gemaach ginn. Super fannen ech.

Et ass guer net einfach esou de Kinnek ze treffen.
Et ass guer net einfach esou de Kinnek ze treffen.
Hei de Kinnek deen zum Schluss muss ëmgeschoss gin.
Hei de Kinnek deen zum Schluss muss ëmgeschoss gin.
Als éischt ginn d'Baueren ëmgeschoss.
Als éischt ginn d'Baueren ëmgeschoss.
Dertëschend nach e Kälefche gerett ….
Dertëschend nach e Kälefche gerett ….
Bei der Siegeréierung no der Final….
Bei der Siegeréierung no der Final….

An eis schwäizer Frënn, d'Julia an de Feusi, si Wikingerschachmeeschter ginn.