Den Zugi ass ëmmer dobäi
85 Deeg um Bauerenhaff !!!
D’Situatioun ass hei elo e bëssche méi ugespaant well d’Zuel vun de Coronafäll an d’Luucht gaangen ass virun allem am Norde bei der Grenz vun Nicaragua. Et komme vill Leit illegal an d'Land fir hei op de Felder ze schaffen. Déi sinn oft ugestach mam Virus. Nicaragua huet am Verglach zu CR vill Fäll. Mir verhalen eis wéi ëmmer. Et si just 3-4 Leit pro Woch déi mam Stefan kënnen an d’Stad fuere fir extra Akeef ze maachen.
D’Stëmmung ass nach ëmmer gutt och wa mir ëmmer méi ongedëlleg gi fir hei fort ze kommen. Eis Schwäizer Frënn, d’Julia an de Feusi, sinn elo och leschte Sonndeg fortgefuer op Puerto Limon fir do de Camper anzeschëffen. Deen Hafen ass ëmstridden a gëtt vu Seabridge net ugebueden. Duerfir waarde mir emol wéi de Camper an Holland ukënnt. Fléie kann een de Moment och just iwwert Amerika bis den 10te Juli da sollen Direktflich vun der Swiss an der Lufthansa vu San Josée aus fort goen.
Den 21te Juni feiere mir definitiv Abschid hei beim Silena. De Grupp wäert sech opléisen a vill Leit Heem fléien déi dann am Januar 2021 zréckkommen. Fir eis ass dat keen Thema. Mir wëllen de Camper net hei loossen och wann et am Zollverschluss sécher ass.
Mäi Gebuertsdag feieren ech dann awer och nach hei fir dann awer déi Woch drop eisen Tour duerch CR ze maachen. Enn Juli komme mir bei d’Silena zréck a kucken da wéi et weider geet. Richtung USA fir zu Baltimore anzeschëffen oder Richtung Panama. Déi Grenz déi am schnellsten opgeet an natierlech am séchersten ass wäerte mir huelen.
D'Reenzäit huet ugefang.
Moies um Séi.
Pom-Pom Girls fir d'Schachfinal
E Cara Cara
Rieseche Farn
Beim André gëtt et gudde Whisky sour
De Moment tauche mir Pinos géint Uebst
An d'Meloune wuessen
D'nächst News komme bestëmmt ...