Lues a lues fueren ëmmer nees Leit aus dem Coronacamp Los Héroes fort. Si all sëtzen hir Camper an den Zollverschloss zu San José a fléien Heem. Wuel dass d'Grenzen nach ëmmer net op sinn an déi Leit net méi hei wëlle waarden hu si decidéiert am Januar zréck ze kommen an den Tour fäerdeg ze fueren. (Nicaragua, Honduras, Belize, Mexico a weider op Tomstone USA) Elo si mir nach zu 5 Camper a 7 Leit.
D'Silena an de Stefan kréie
nach eng Gruppefoto vun eis
De Stefan huet eis nach en Tour
mat sengem ale schwäizer
Postbus geschenkt ....
Esou schéin Erënneungen .....
Iergendwann wäerten och mit fortfueren an d'Silena mega vermëssen...
an dës schéi Plaz ni vergiessen
Op mengem Gebuertsdag hu mir dat "1. Maxe Gedenk-Turnier" am Jassen organiséiert. De Maxe war eisen Jass-Organisator an ass och um Wee fir Heem. Ech sinn dat zweet ginn. Net schlecht fir e Jassufänger!!!
Nomëttes hunn ech an der Kichen gehollef fir Owes eng Chinesesch Fondue ze maachen. Wuel dass mir mam Silena, Stefan an Glenda nëmmen nach zu 10 ware war dat gutt ze organiséieren.
Et war eng ganz schéi Féier ginn an iwwert what's App hat ech all déi déi am Hotel zu San José ware bäigeschalt mat Video wärend dem Apero.
De Jordan ass esou e Léiwen ..
an de Ruedi hat alles am Grëff.
Elo ass de Bauerenhaff an d'Silena Geschicht an ech melle mech déi nächste Kéier vun ënnerwee aus Costa Rica.