Virun dass mir op Elba fueren hu mir nach eis Schwäizer Frënn getraff déi mat eis op der Panamericana 2019/20 ënnerwee waren. Eng Zäit wou mir duerch Corona 5 Méint zu Costa Rica blockéiert waren. Viru méi ewéi engem Joer hu mir eis do getrennt an et richteg genoss nees zesummen ze sinn.
Eis Route féiert eis duerch de schéine Piemonte ....
Barbaresco
Déi nächst Deeg wäerte mir am Piemonte bleiwe virun allem an der Barolo Géigend. Hei ginn et vill kleng Wënzerdierfer wéi Roddi, Grinzane, La Morra, Barolo, Serralunga, Monforte d'Alba. Bal an all Duerf kënne mir ausser gudde Wäi schmaachen och Buerge kucke goen. Merci Luigi fir dee gudden Tipp!!
Immens schéi Vue vun der Buerg Grinzane aus!
Schéi Vue
Monforte d'Alba
Monforte d'Alba
Weider geet et vum Piemonte Richtung Livorno. Eng Plage bei Varazze
Nach e klenge Stopp zu Populonia...
..an zu Baretti..