Wéi mir doudegt Mier erreecht hu war d’Wieder wierklech schlecht. Mir konnte guer net ausprobéiere wéi et wier sech dodran ze leeën ouni ënner ze goen. Schnell hu mir e flotte Programm vun eise Guide proposéiert kritt…..mee kuckt selwer !!
Zu Kerak gi mir nach d’Buerg kucken an da geet et weider op Petra wou mir Chrëschtdag verbréngen.
Ënnerwee...
.....
Déi Camionette ginn et an alle Farwen
Sonnen Ënnergang um doudege Mier
Sonnen Opgang iwwert Israel
Iwwert de Kings Highway geet et Richtung Little Petra. Op eisem Wee leie nach zwou Buergen a mega schéi Landschaften.
Shobak Castle
D’Nabatäerstad Petra op 1350 Meter bei Wadi Musa (Mosesquelle)! Eng kleng Wanderung vu 4 Kilometer bis dohi gëtt eis schonn en klengen Androck mee ech weess awer net wéi ech dat Gefill soll beschreiwe wann een do am Dall steet an déi Architektur Alexandrias vu virun 2000 Joer gesäit. De Fuat, eise Guide zënter zwou Wochen, erzielt eis alles iwwert d’Schatzhaus « Khazne Faraun » vum Pharao esou wéi iwwert d’Kinnegsgriewer, d’Opferplaze fir Weirauch a wéi d’Leit hei gelieft hunn. Ech hoffen dass dir och duerch dës Fotoen e klengen Androck kritt.