Eisen éischte Wee ass den Hafen zu Shinas wou mir och kënne frësche Fësch kafen 🙂. Weider fuere mir Richtung Sohar mat engem Stopp beim "Liwa Fort" wat immens schéi restauréiert ass. Och hei am Oman gi mir immens léif begréisst wéi dir et op de Fotoe kënnt gesinn. E weidere Stopp maache mir am "Kofferland" wou seid 5000 Joer Koffer ofgebaut gëtt a besichen eng 4600 Joer al "Stufenpyramide" (Zikkurat). Mat vill Fantasie kënne mir se och erkennen.
Vue op d'Kofferland (Magan)
Op der Pyramide léif gebréisst.
Zu Wakan engem klenge Biergduerf (wou mir mat Jeepen erop fueren) maache mir eng wonnerschéi Wanderung an Owes schlofe mir um Sawady Beach.
Bei den Tuerm wëlle mir hi mat der Ebbe vum Mier!
Geschafft!
War schonn e wäite Wee!!
Gleich kënnt nees d'Fluut.
Sonnenopgang iwwert dem Golf vum Oman.
Déi nächst dräi Deeg verbrénge mir zu Muskat awer virdru besiche mir nach de Fëschmaart zu Barka, dee ganz nei a modern ass. Och um Wee ass d'Amouage Fabrick wou mir méi gewuer ginn iwwert d'Produktioun vun den deierste Parfumen vun der Welt.
Beim Här hei hu mir 2 gutt Stécker Thon kaf fir 2 Rial (5€)
Hei gëtt den extra gudde Fësch versteet!
Déi grouss Sultan Qabbus Moschee by night!
D'Regierungsgebäier vum Sultan.
Weihrauchbam!
Spontan gi mir invitéiert op de Kaffi mat Dattelen a Nuddelen. Esou drénken d'Omanis Kaffi moies.
Wann de Schlauch ze déck ass .....
No dësen dräi Deeg zu Muscat mat ville Besichtegungen wéi en Owend an der Oper, déi grouss Moschee, de Souk, eng Bootstour mat enger Dau a villes méi, si mir frou weider ze zéihe Richtung Süden!