Das ass en "Doheem"
Och dat ass en "Doheem"
Eng Strooss zu Adam nëmme mat Kleederbutteker fir Fraen.
Och deen Deel duerch den Oman vun eiser Rees geet esou lues dem Enn zou. An zwee Deeg fuere mir vu Salalah an d'Géigend vun Nizwa, eng Stad mat aler Buerg, Souq, Veraarbechtung vu Selwer a Freides de Kaméilmaart. Mëtten an enger Oas. Eis Stellplaz ass wéi ëmmer ouni Infrastruktur an der Natur. Nizwa läit am Wadi Muaydin deen an d'Jebel Akhdar Bierger era geet.
Beiekuerfgriewer.
Al Hoota Cave...
...déi eenzeg op der arabescher Halefinsel
Déi leschte Moschee aus dem Oman. Sultan Qaboos Moschee
An och déi lescht Stellplaz am Oman zu Ibri bei der Buerg.
E puer schéiner Deeg verbrénge mir nach zu Dubäi mat City Tour a Visitt op der Expo 2020.
De 15te Mäerz schëffe mir de Camper a fir an den Iran. Leider kënne mir net mam Schëff matfueren a mussen op Bandar Abbas fléien. Fir ze wësse wéi et weider geet muss dir iech also e bëssche gedëllegen.