No dräi Méint si mir nees on Tour a besichen eis Frënn an der Schwäiz, d’Mareike an de Robert. Mir hunn dës léif Koppel
op eiser Rees an den Oman kenne geléiert. Zu Merishausen verbrénge mir zwee schéiner Deeg mat hinnen a fueren duerno weider duerch d’Schwäiz, Italien, Slovenien a Kroatien. Den 10te September komme mir zu Zagreb u wat d’Haaptstad
vu Kroatien ass. Een Dag spadséiere mir an dëser Stad déi ganz flott ass mat de Parken, historesche Gebaier a coolen Terrassen.