Relaxe Strand zu Orebic
Eigentlech wollte mir op der Küstestrooss bleiwe sinn awer zu Ston stoe bliwwe fir zwou Nuechten. D'Wieder ass nach ëmmer e bëssi onbestänneg. Aus enger Idee eraus si mir vu Ston aus weider op d'Insel Peljesac gefuer. Dës Insel ass och ouni Ferry erreechbar. Zu Orebic hu mir an engem super flotte Camping agecheckt. Hei bleiwe mir elo e puer Deeg a kënnen d'Insel flott mat der Vespa kenne léieren.
Mam Ferry op Korcula ze fuere war definitiv eng gutt Idee. D’Griichen, d’Réimer an d’Slawen hun des Insel gepräägt an d’Gebaier sinn erstaunlech gutt erhalen. Zréck op Orebic si mir nach bis erop op d’Spëtzt gefuer an um Retour nach e Stopp beim Klouschter mam schéine Kierfecht gemaach.
Korcula...
...mat ville klenge Gässelen.
Kathedral Sv.Marka.
D'Klouschter....
...mam Kierfecht wou vill Kapitänsgriewer sinn.
Herrlech Vue .....
Den 1ten Oktober si mir zu Dubrovnik ukomm an hu bei herrlechem Wieder d'Musée'en an d'Gässelcher vun der Alstad gemaach.
En Typ vum Onka huet ...
...eis nach a Montenegro op Kotor gefouert.
Lues a lues maache mir eis op de Wee fir Heem. Och nees laanscht d'Küst well et einfach immens schéin ass. Mat e puer aner Stoppe wéi op der Hallefinsel vu Pag. Zu Kolan hu mir e schéine Camping fonnt wou mir nach zwee Deeg bleiwen
Och dësen Tour geet op en Enn an e soen iech all Merci fir är léif Messagen. Duerch de Südtirol mat Stopp zu Bozen si mir de 15ten Oktober nees doheem.