No de Feierdeeg si mir nees frou on Tour ze goen a fueren an den Anti Atlas, dat heescht als éischt d’Luedgerät beim Brahim ofhuelen zu Tiznit an da geet et weider op Tafraoute. De Wee schlängelt sech bis op 1200Meter erop op de « Col du Kerdous » mat immense Vue’en a bizare Stengformatiounen.
Tafraoute (op 1000 Meter) ass d’Häerz vum Anti Atlas mat gefleegten Haiser, neie Stroossen, grénge Palmen an enger wonnerbarer Biergkuliss. Wann der gutt kuckt kënn dir « Tête du Lion » erkennen op enger vun de Fotoen !