Klengen Tripp iwwert den Allgäu, Éisträich,

Kroatien bis an Italien

Elo scho fir drëtt treffe mir eis mat deene Leit déi mat eis d’Panamericana 2019 gemaach hunn. Do ware mir jo fënnef Méint am Costa Rica bloquéiert. Dräi Méint fest op engem Schwäizer Bauerenhaff an zwee Méint hu mir, de Jang an ech, mat enger anerer Koppel nach en Tour op eis gemaach bis mir dann am Oktober 2020 heem komm sinn.

Dës Zäit huet eis esou verbonnen dass elo all Joer en aneren e PanamTreffen organiséiert. Dat éischt Treffe war am Norde vun Däitschland, dat zweet an der Schwäiz an dës Kéier si mir beim Janette a senger Heemescht am Allgäu. Et war wéi wa mir eis Gëschter a Costa Rica getrennt hätten…..einfach immens schéin !

1
2
7 (2)
3 (2)
4 (2)
5 (2)
8 (2)
6 (2)

Um Wee bei d’Chantal an den Tom, déi elo schonn e puer Joer zu Krusstetten an Éisträich wunne, maache mir nach e klenge Stopp zu Salzburg. De Camping Aigen ass an der Natur a gefält eis immens gutt a mir verbréngen e puer flott Stonnen zu Salzburg.

Déi nächst Deeg verbrénge mir da beim Chantal an Tom, et ass e Gefill wéi « heem » kommen. Si sinn ëmmer bei eis zu Lëtzebuerg wann se do ob Visitt sinn a mir maachen ëmmer e Stopp bei hinne wa mir an der Géigend sinn. 

D'Kellerei Steininger zu Langenlois, en Tour mat der Vespa bei d'Schlass Grafenegg an e flotten Owend beim "Heurigen" steet um Programm. An natierlech relaxe beim Pool.

Kleng Wanderung
Kleng Wanderung
Kellerei Steininger
Kellerei Steininger
Schlass Grafenegg an engem schéine Park
Schlass Grafenegg an engem schéine Park
Heurigen Pfefferschiff-Vigne
Heurigen Pfefferschiff-Vigne
Relax beim Pool...
Relax beim Pool...

Do deene flotten an erhuelsamen Deeg beim Chantal an Tom, wou mir mäi Gebuertsdag zweemol gefeiert hunn !,  si mir e Sonndeg den 21te Juni weider Richtung Slowenien gefuer. Am Drava Center fanne mir eng top Plaz ganz fir eis. Et ass en Aqua Center mat schéiner Terrasse a Restaurant. Et gëtt e gudde kale Béierchen !

Dënschdes si mir schonn a Kroatien a bleiwen op zwee klenge Camp’s stoen, ëmmer fir zwee Deeg. Et ass immens waarm (34 Grad) a mir profitéiere vum Mier direkt dobäi. Och on Tour mat der Vespa !

      E Freideg ass leider kee gudden Dag. Just nom péage vun der Autobunn erof op d’Küstestrooss ass riets hannen d’Kardanwell gebrach. Deen éischten Ofschleefcamion war ze kleng ! Deen zweete war staark genuch eis bis an de Mercedes Garage fir Truck’s zu Zadar ze schleefen.

Entretemps war et 15 :00 Auer an de Garagiste huet eis nach just confirméiert wat geschitt ass. Leider ginn d’Stécker eréischt e Méindeg bestallt, kommen dann e Mëttwoch un a ginn en Donneschdeg agebaut. Viraussichtlech wäerte mir bis e Freideg hei bleiwen.


      En Zëmmer ass schnell fonnt iwwert den Här vum Ofschleefdengscht. Do bleiwe mir just dräi Nuechte well et immens kleng an ënnert dem Dag ass. Mat der Vespa si mir jo e bësschen mobil mee et ass esou schrecklech waarm dass et wierklech kee richtege Spaass mëscht.


      E Méindeg wiessele mir an e klenge Studio net wäit vun der Alstad an der Plage. De Ferry hu mir op e Samsdeg ëmgebucht kritt an hoffen dass dat klappt. Zadar ass eng grouss Stad mee d’Alstad, direkt um Mier, ass flott mat ville Gässelcher, Boutique’en a Restaurant’en. Et ginn e puer Marina’en mat Seegelbooter a grousse Yachten.

IMG_4932 (2)
IMG_4938 (2)
IMG_4944 (2)
IMG_4948 (2)
IMG_4939 (2)
IMG_4953 (2)

Haut ass Mëttwoch a mir sinn nach ëmmer am « Standby » zu Zadar. Zënter 2005 kann een hei der gréisster « Mier Uergel » weltwäit nolauschtern déi vum Architekt Nikola Basic entworf ginn ass. Et sinn dat 70 Meter laang Trapen (laanscht d’Mier) déi an d’Adria erofginn. 35 Päifen a Kummere sinn an den Trapen agebaut an duerch d’eran an d’erauslafe vum Mier entsteet e Klang. D’Melodie ass ënnerschiddlech duerch d’Stäerkt vum Mier wat eran an eraus leeft. Mat der Vespa si mir schnell do an och séier nees bei eis am Pool ! Et ass einfach ze waarm.

Donneschdes verbrénge mir nach e schéinen Owend ander Alstad a wéi versprach kënne mir eise Camper e Freideg um 10 :00 ofhuelen. Glécklech fuere mir weider a Richtung Dubrovnik wou mir e Samsdeg owes de Ferry huele fir op Bari. Mat enger Woch Verspéidung ! Zu Mali Drvenik kréie mir (Freides owes) eng Top Plaz mat Vue op d’Mier.

D’Zäit fir Puglia ze besiche wäert e bëssche méi kuerz ginn. Trotzdeem freeë mir eis dodrop wat jo eigentlech de Grond vun dëser Rees ass.

IMG_5013 (2)
IMG_5014 (2)
IMG_5029 (2)
IMG_5033 (2)
IMG_5041 (2)
IMG_5050 (2)
IMG_5054 (2)
IMG_5047 (2)
IMG_5056 (2)

No enger gemittlecher Iwwerfaart komme mir zu Bari scho moies um 7 :00 un. Direkt huele mir d’Küstestrooss an schécken zu Capitolo um klenge famillje Camping Lido de Millennium an. E puer lokal Leit verbréngen de Sonndeg do mat der Famill. Géint 17.00 Auer si mir, ewéi esou oft, eleng. Virdrun nach e klenge Stopp zu Polignano a Mare.

D’Grotten zu Castellana sollen immens schéin a grouss sinn, also fuere mir Méindes dohin. Den Tour ass 3 Km laang an dauert gutt zwou Stonnen. Ustrengend mat Trapen awer wäert se kucken ze goen. Hei kënne mir och Iwwernuechten. Eleng op enger riseger Parkplaz…..och dat muss heiansdo sinn !

IMG_5124 (2) Grotte de Castellana
IMG_5144 (2)
IMG_5125 (2)
IMG_5127 (2)
IMG_5135 (2)

Alberobello, Martina Franka, Loccorotondo si bekannte Stied wou d’Alstad nach zum gréissten Deel aus Trulli’e besteet. Immens flott och wann et touristesch ass. Op engem klenge Camping bleiwe mir zwee Deeg. Et muss Wäsch gemaach ginn. Moies an Owes fuere mir mat der Vespa iwwert kleng Stroossen op de Maart vu Martina Franka an an déi verschidden Trulli Dierfer.

IMG_5159 (2)
IMG_5192 (2)
IMG_5181 (2)
IMG_5200 (2)
IMG_5151 (2)
IMG_5196 (2)

Weider geet erof an den Talon vum Stiwwel. D’Iddi ass bis op d’Spëtzt, Marina di Leuca, ze fueren an dann déi aner Säit nees erop. Virdru maache mir nach e Stopp zu Ostuni (déi wäiss Stad) a fueren duerno direkt weider op Lecce. Hei bleiwe mir op engem Agriturismo Camping stoen deen sech als Top Plaz entpuppt. E léiwe Besëtzer emfpänkt eis. Eng nei Piscine zënter lescht Joer an e gudde Restaurant gëtt et och. An d’Alstad fuere mir mat der Vespa iwwert de Vëlo/Auto Wee direkt vun eiser Stellplaz aus.

IMG_5212 (2)
IMG_5205 (2)
IMG_5208 (2)
IMG_5214 (2)
IMG_5219 (2)
IMG_5220 (2)
IMG_5223 (2)
IMG_5241 (2)
IMG_5236 (2)
IMG_5237 (2)
IMG_5238 (2)

D’Küstestrooss ass net vill befuer well d’Italieener all op der Plage leien. Et si Plaze wou een de Strand net méi gesäit just nach déi honnerte vu klenge faarwege Präbbelien !! Si parke wou et geet awer mir kommen duerch och wa mir heiansdo musse knéchele fir laanscht ze kommen. Mir fuere bis Torre San Giovanni a ginn do op e Camping Agriturismo.

Wuel dass mir de „Camping Agriturismo » esou flott fanne siche mir no esou Iwwernuechtungsplazen um Wee fir heem. Esou eng cool Plaz hu mir op enger Olivefarm fonnt. Ganz eleng bei léiwe Leit. Vun der Madamm krute mir nach Tomate geschenkt. De Präis fir eng Nuecht mat Elektresch …. 10€!

Leider hu mir elo festgestallt dass eise Growaassertank ondicht ass. Affaire à suivre!

Matera...
Matera...
...Fielshöhlen Duerf ...
...Fielshöhlen Duerf ...
bis 1960 nach bewunnt
bis 1960 nach bewunnt
Castello del Monte
Castello del Monte
Cervia bei Ravenna
Cervia bei Ravenna
Nach net vill lass...
Nach net vill lass...

Gesond a monter si mir doheem ukomm. Um Lugano Séi hu mir awer nach e Stopp gemaach. Wann et méiglech ass komme mir gären iwwert d’Schwäiz zréck. Den TCS Camping war dës Kéier schonn ausgebucht. Um „La Palma“ direkt dernieft krute mir nach eng Plaz. Dëse Camping huet eis schlussendlech besser gefall well et e ganz klenge familiäre Camping ass an och laangzäit Camper huet. Ganz sympathesch. Am Präis hu mir och Bus, Tram an Zuch fir op an ëm Lugano gratis!

Merci fir all déi léif Messagen an den Interessi un eisem Site. Natierlech steet déi nächst Aventure schonn an de Startläscher mee wou et higeet verroden ech nach net. Et wäert mam Camper sinn ….. awer net mat onsem!            Michèle