Fir den 9te Juli hu mir e Rendez-vous bei Mercedes zu Denver kritt well mir mussen eng Revisioun « A » maachen. Mir sinn emol gespaant op dat klappt.
Duerfir hu mir elo méi Zäit a sinn nach an de « Badlands National Park » ëmmer nach am South Dakota gefuer. Ech duecht dat wär eng riseg Prairie wou näischt ass ! Wäit gefeelt. Effektiv ass et eng Erosiounslandschaft (98.700 Hektar) déi fir Landwirtschaft net geegend ass. En Naturwonner. Eng wonnerbar Landschaft aus Schluchten an immens gréng bewuess. Hei liewen och Bighorn Schof, Bison’en, Luchsen, Kojoten, Schlaangen an natierlech verschidde Vullenaarten.