Déi nächst Deeg fuere mir op enger gudder Strooss duerch d’Rocky Mountain. Fairplay, Buena Vista, Salida, Del Norte, Pagosa Springs. Zu Del Norte hu mir e längeren Openthalt an der Klinik. De Jang huet eng schlëmm Infektioun ënnert de décker Zéif. Gesäit net gutt aus. Si maachen de volle Programm. Bluttanalyse, Rëntgen, Ofstréch ! En Antibiotique mëscht et a mir fuere weider. Déi nächst Deeg hale mir en A drop !! D’Rechnung kënnt per e-mail !!!!
Mir sinn zwee Deeg ze fréi a ginn emol den Anasazi Heritage Center besiche wou mir vill Informatiounen iwwert « Pueblo » kréien, Dierfer déi ëm 1200 no Chistus an de Buedem gebaut gi si vu verschidden indianesch Tribu’e wéi Ute, Hopi, Zuni. Den Zweeten Dag maache mir de « Mesa Top Loop » Tour am National Park. Esou kënne mir verschidde Puebloe vu bausse bestaunen. Et ass scho spannend ze gesi wéi d’Leit hei a der Mesa Verde demols gelieft hunn.