Am Whole Food hu mir Raclette Kéis aus der Schwäiz entdeckt. Natierlech direkt kaf !!! Super … wuel dass et elo och Owes méi frësch ass.
Cape Cod steet um Programm éier mir iwwer Bosten an de Maine fueren. Am Harvest Host fanne mir d’Stony Creek Farm wou mir kënnen um Wee e Stopp maachen. Dës Farm ass e Melange vu Päerd, Geessen, Katzen, Kéi, Kälwer, Hinger, Schwäin an Alpaca’en. Vill Déieren huelen si op well se soss géifen dout gemaach ginn. Eng super Saach. Och gëtt et hei e « Farmer’s Market » mat Geméis, Uebst an Eeër. Ech hunn och gesinn dass d’Kanner héi Reitstonne kréien. Mir bezuele wéi ëmmer näischt a maachen en Don fir den Haff.
Zu New Bedford virum Cape Cod ass et interessant de Walmusée ze kucken. Virun 100 Joer huet dës Walfänger Stad hiren Héichpunkt gehat.
Immens flott ass et zu Cape Cod a mir verbréngen do e schéinen Dag. Owes schlofe mir bei engem « Ship Chandler » a kafen e puer Schrauwen als MERCI.