Elo ass et jo net méi schwéier ze rode wou eis nächsten Aventür higeet ....... 


Australien "DOWN UNDER"


      De 4te September 2026 fléie mir iwwert Frankfurt op Singapour wou mir en Dag an eng Nuecht bleiwen. Weider geet et op Perth. Hei sinn dräi Deeg virgesinn. Verschidde Visitte stinn um Programm a mir wäerten do och eise geléinte Camper ofhuelen. Eigentlech ass et e Van vu 7 Meter laang. Et ass ëmmer spannend ze gesi wéi en ass. e wäert net esou gutt ausgestatt si wéi eisen!

     Wéi schonn zwee mol reese mir an engem Grupp. Dësen Tour ass vu "SeaBridge-Tours" organiséiert. Mat hinnen hu mir scho Süd Afrika an en Deel vun der Panamericana gemaach. Dräi Méint si mir ënnerwee a maachen ongeféier 15.500 Kilometer. Villes ass schonn am Firfeld organiséiert wéi z.B. Campinger, Statsvisitten, Bootstouren a verschidden Iessen. Flott ass dass een am Dag eleng ënnerwee ass an Owes weess wou ee soll ukommen.  Wann dat emol eng kéier net klappt ass e Guide do deen eis hëlleft. Perfekt fir eis bei esou enger grousser Rees.

Mir verbréngen e flotten Dag zu Singapour. Et ass eng grouss Freed eis Frënn d’Julia mam Feusi an d’Linda mam Noldi erëmzegesinn. Si hu mir op eiser éischter Tour duerch Südafrika kenne geléiert an ëmmer Kontakt behal. Iwwer 10 Joer. Zu Perth si mir an engem coolen Dréirestaurant um 33 Stack invitéiert vu „Seabridge“ eisem Organisateur vun dëser Rees. TOP!

Merlion Park Singapour
Merlion Park Singapour
China Town Singapour
China Town Singapour
Lau Pa Sat Market Singapour
Lau Pa Sat Market Singapour
Matagarup Bridge Perth
Matagarup Bridge Perth
Kings Park Perth
Kings Park Perth
Baobab at Kings Park
Baobab at Kings Park

Et ass Dënschdeg an endlech ass et esou wäit!! mir kënnen eise „Van“ ofhuelen. Mir fueren net wäit, 28 Km, bis op Fremantle wou mir eis ariichten. Akafen, raumen an tässelen. Wéi gesot ass et net e Camper wéi eise mee mir ginn eens. Owes gi mir nach an d‘Stad déi eng vun den historechten an Australien ass.

Wieder geet et iwwert Cervantes op Geraldton mat verschidde Stoppen. North Beach, Yanchep NP, Pinnacles / Nambung NP an zu Geraldton de Maritime Museum. Hei léiere mir verschidenes iwwert Aborigines an d'Batavia dat hollännescht Schëff wat 1629 hei ënner gaang ass. D'Küst huet de Numm Batavia Coast.

Ëmmer ze gesinn.
Ëmmer ze gesinn.
Black Boys
Black Boys
Pinnacles
Pinnacles
Dat muss sinn ....
Dat muss sinn ....
Briefing fir den Dag drop
Briefing fir den Dag drop
Geraldton
Geraldton
Am Musée
Am Musée

Eise nächste Stopp ass den NP Kalbarri. Um Wee dohi maache mir awer nach e puer flott Ofstiecher wéi de Pink Lake, Castle Cove, Island Rock, Eagle Gorge…  Zu Kalbarri bleiwe mir zwou Nuechte fir den National Parc ze besichen.

IMG_6004 (2)
IMG_5812 (2)
IMG_5916
IMG_5835 (2)
IMG_5853 (2)
IMG_5843 (2)
IMG_5856 (2)
IMG_5879 (2)
IMG_5893 (2)
IMG_5885 (2)

     Wéi mir moies zu Kalbarri fortfuere kënnt nach e Pelikan eis besichen. E Veräi kuckt schonn zënter Joren no hinnen an duerfir kommen se reegelméisseg hei un de Strand fir e puer gratis Fësch ze kréien. Mir maachen e klengen Don.

     Wieder geet et op Monkey Mia an et gëtt déi éischt laang Streck vu 400Km. D’Fueren ass awer easy hei op de gutt ausgebaute Stroossen. Mir wiesselen eis of beim fueren. Ënnerwee ginn et nach e puer Stoppen. Am Monkey Mia Dolphin Resort checke mir géint 16:30 an. En ass gutt equipéiert, just den Emu deen  och hei lieft huet eis de Botter moies beim Kaffi geklaut. D'Delfine komme ganz no un de Strand. Och hei bleiwe mir zwou Nuechten. A wéi dir gesidd huet eise Camper och e Baussegrill!

IMG_5944 (2)
IMG_5967 (2)
IMG_5974 (2)
IMG_5978 (2)
IMG_5982 (2)
IMG_5998 (2)
IMG_5988
IMG_6012 (2)
IMG_6009 (2)
IMG_6007 (2)

No engem relaxen Dag geet et weider Richtung Norden. D’Wieder ass nach ëmmer top! De staarke Wand ass awer och nach ëmmer do. Eisen nächste Stopp ass zu Carnarvon. Net spektakulär mee hei gëtt et e Liquor Store! Hei schlofe mir just eng Nuecht fir dann zu Coral Bay zwou Nuechten ze bleiwen. Um Wee iwwerquiere mir de „Südlichen Wendekreis“ vun der Sonn a kommen an d'tropesch Regioun vun der Aerd.

Coral Bay leit um südlechsten Enn vum Ningaloo Reef wat e Weltkulturierwen ass. Strand a Schnorchele mat de Schildkröten ass ugesot. En Ausfluch mam Glasboot ass och viergesinn.

De Road Train ass impressionnant
De Road Train ass impressionnant
Witzeg Schëlder
Witzeg Schëlder
Tropic of Capricorn
Tropic of Capricorn
Termitten
Termitten
Wäit Siicht
Wäit Siicht
Leider sinn d'Korallen 2022 ofgestuewen.
Leider sinn d'Korallen 2022 ofgestuewen.

De fräien Dag zu Coral Bay sinn ech nach mam Boot eraus gefuer fir ze Schnorchelen. Et ass nach kal am Waasser mee d’Schildkröte sinn awer do.

Am Nomëtteg nach e schéine Spadséiergang laanscht Mier bis bei eng Bucht wou d’Haien hier kleng kréien.

Haut den 18te September verloosse mir fir zwee Deeg d’Küst a fueren an d’Land op Paraburda (440Km). Hei spendéiert Seabridge en Iessen op enger Farm Cheela Plains Station. Vun do geet et weider an den Karijini NP am Häerze vu Pilbara, eent vun de bedeitenden Naturhighlights vu Westaustralien. Spektakulär Schluchten (Dales Gorge) a glaskloer Waasserlächer wou ech kann dra schwammen. Owes schlofe mir am National Park Campground. 

IMG_6189 (2)
IMG_6190 (2)
RCSO9066
IMG_6205
IMG_6216
IMG_6224
IMG_6235
IMG_6234

Zu Port Hedland gëtt net nëmmen Eisenäerz exportéiert mee och Salz. Den Hafe gehéiert zu de gréisste weltwäit.

Um Eighty Mile Beach verbrénge mir e flotten Owend. Sundowner mat Apéro offréiert vu Seabridge stoung um Programm. Leider war et verbueden an d’Mier ze goe well et hei vill Haien a Salzwaasser Krokodille gëtt! Et steet um Ziedel!! Witzeg sinn awer déi kleng Känguruen „Wallaby“. Si hoppelen iwwert de ganze Camping a liewen am Bësch niewendrun. Temperatur geet och elo ëmmer méi an d’Luucht wat mir méi an den Norde kommen….38 Grad!. Mir hunn eng super Klim am Van. Apropos Van…et ass net onbedéngt wat mir eis géife kafen. Net gutt agedeelt a verschiddener si schlecht gewaart an net propper geliwwert ginn. Zwee si schonn ausgetosch ginn an dräi Koppele kréien zu Darwin méi grousser.

Trauereg ass dass mir elo méi Känguruen a Kéi (esou änlech wéi a Yack) op der Strooss gesinn déi vum „Road Train“ iwwerrannt ginn.

IMG_6272
IMG_6260
IMG_6293
IMG_6341
IMG_6337
IMG_6326
IMG_6301
IMG_6316
IMG_6252
IMG_6253 (2)

Dënschdes den 23. September komme mir zu Broome un a bleiwen do zwou Nuechten. Hei gesi mir och déi éischt Baobab’en. Déi ginn et just hei am Eck. Gesot gëtt, dass d’Somen aus Afrika iwwert d‘Mier geblose goufen. Kee weess et richteg.

Déi längste Stréck vun eiser Tour ass vu Broome op Mary River, 570Km. D’Stréck ass geseemt vu Baobab’en. Immens. Ech kann se net all fotograféieren. Zu Mary River, no 7 Stonne reng Fuerzäit, installéiere mir eis op enger Bëschstellplaz ouni Stroum. Et gëtt e flotten Owend an d’Kakadue fänke schonn um 4:30 u mat Kaméidi maachen!

Elo si mir och an de „Crocodile Country“. Esouguer am Land kënne Salz-a Séisswaasserkrokodiller (Freshy an Salty genannt) bei de Flëss an de Waasserlächer sinn.

Weider geet op Kununurra an der Kimberley Regioun wou och de Lake Argyle ass. Den Purnululu (Bungle Bungle) NP ass nobäi awer nëmmen iwwert eng rau gravel roade ze erreechen. E puer vun eis fléie mam Helikopter driwwer. Duerfir och déi éischt Fotoe!

Owes gëtt nees e Gebuertsdag geféiert!!


Vum Lake Argyle fuere mir an den Nitmiluk NP bei Katherine. Op der Grenz an den Nothern Territory maache mir natierlech déi obligatoresch Foto vum Schëld. Mir schlofen am Park a maache moies ganz fréih eng flott Wanderung. Haut ass Méindeg den 28te September.

IMG_6520
IMG_6514
IMG_6511
IMG_6517
IMG_6519
IMG_6527
IMG_6534
IMG_6553
IMG_6543
IMG_6546
IMG_6561
IMG_6574
IMG_6579
IMG_6582

Eist nächst Ziel ass de Kakadu NP. Dat huet näischt mat de Kakaduen (Papageien) ze di mee ass eng Iwwersetzung vun der Aborigines Sprooch fir  dësen déirereichste Park vun Australien. Mee och d’Kultur vun den Aborigines kënne mir hei kenne léieren.

D‘Aborigines hunn hei glieft ob hir Aart a Weis bis d’Britten 1880 komm sinn. Et gouf keng Landrechter an d’Britten hunn einfach decidéiert dass d’Land hinne gehéiert. Praktesch 80% vun den Aborigines sinn ausgelëscht ginn duerch Zwangsaarbecht, Krankheeten déi d’Britte matbruecht hunn oder si sinn einfach ëmbruecht ginn. D’Kanner sinn deelweis gekidnappt ginn, hu missen an aner Schoule goen a si mat wäisse Leit bestuet gi fir esou déi schwaarz Rass auszeläschen. Eréischt 1967 ass d’Biergerrecht komm an d’Aborigines hu bis haut d’Eeler vun hierem Land lues a lues zréck kritt. A villen NP‘s schaffen elo d‘Autoritéiten mat den Einheimeschen zesummen.  Zënter 2026 ass déi Aborigines Bevölkerung nees op engeféier 1.000.000 Awunner gestigen. Am Mee gëtt et esouguer en „Sorry day“ fir dat wat alles geschitt ass. Traureg dat ze héieren!

Mir maachen e Stopp am Edith Falls wou mir eis kënnen erfrëschen. De Moment hu mir bal 40 Grad.

Zu Jaburi ass Moies um 6:45 eng Bootstour wou mir kënne vill Vullen a Krokodille kucken. Den einheimesche Guide „Dennis“ ass immens gutt an zielt eis och vill vu senger Kultur, den Aborigines! Duerno kënne mir nach déi schéi Fielszechnunge bewonneren.

IMG_6616
GTZI1501
IMG_6705
IMG_6643
IMG_6668
IMG_6687
IMG_6672
IMG_6689
IMG_6677
IMG_6661
IMG_6699
IMG_6698

Darwin « Top End » an Happy Birthday Jang!!! 85 Joer…..déi hu mir wierklech ausgibeg gefeiert. Den 1ten Oktober hate mir eng Bootstour bei d’Krokodillen. Impressionnant! Sie sinn natierlech mat Fleesch gelackelt ginn. Um Boot huet eise Grupp sech et net huele gelooss dem Jang en „Happy Birthday“ ze sangen. Owes war nach e flotte Maart zu Darwin dee mir besicht hunn. Den 2ten Oktober huet de Jang en Apéro gemaach an eis Guiden, d’Chiara an de Patrick, un en Hamburger Grillowend organiséiert. Eng super Iddi a mir hu vill gelaacht a gutt gedanzt!

Den 3ten Oktober war Pool Sprangen ugesot. Op eiser Stréck vun Darwin bis Litchfield NP konne mir an net manner wéi 4 kleng Séie sprangen an eis ofkillen. Zum Schluss hu mir nach d’Magnetic Termite bewonnert. Bis zu 4 Meter héich kënnen si ginn a si wichteg fir d’Ökosystem hei am Northern Terretory.

IMG_6718
IMG_6719
IMG_6730
IMG_6754
IMG_6774
IMG_6779
IMG_6795
IMG_6744
IMG_6832
IMG_6828
WPCT6999
VWZI1838
IMG_6846
IMG_6880
OYGJ2005
IMG_6890
IMG_6883
IMG_6875