Haut de 5ten Oktober ass emol nees eng laang Route duerch den Outback ze fueren, 470km. Um 7:00 Auer sprangen ech awer nach an den Thermal Pool zu Mataranka. D’Waasser ass glaskloer a waarm. Am Bësch a beim Pool hänken dausende vu Fluchhënn mam Kapp no ënnen. Si maachen alles an der Positioun just fir de kacken an ze pippen dréien si sech ëm!

Um Wee bleiwe mir zu Daly Waters (eng Landepist aus dem Joer 1930 wou d’Quantas Flich en Tëschestopp gemaach hunn) stoe fir do am uereche Pub eppes ze drénken. D’Duerf ass pittoresk!

D’Stréck geet praktesch schnouerriicht bis op Banka Banka wou mir op engem einfache Camping iwwernuechten.

IMG_6969
IMG_5670
IMG_6966
IMG_6987
IMG_6989
IMG_6993

Banka Banka ass e coole Camping an de Feusi huet dem Jang nach e gudde Rösti gemaach fir säi Gebuertsdag. Flotten Owend mam Stärenhimmel.

Mir fueren elo schonn e puer Deeg duerch den Outback um Stuart Highway, déi wichtegst Verbindung vun Darwin bis Port Augusta bei Adelaide (2720km laang).

Ënnerwee bleiwe mir kuerz beim Monument vum John Flynn stoen, dem Grënner vum australesche „Royal Flying Doctor Service of Australia“. Wichteg fir d’Leit déi am Outback liewen.

Um Threeways Punkt fuere mir riicht weider. Bis op Cairns wären et nach 1.700km wa mir géifen hei ofbéien. Mir maachen awer e klengen Ëmwee vu +/- 9.000km bis op Cairns. Kuerz viru Wauchope, wou mir iwwernuechte, kënne mir nach d’Karlu Karlu oder och Devils Marbles (Teufelsmurmeln) genannt bestaunen. Rieseg Granit Steng.

IMG_6999
IMG_7044
IMG_7058
IMG_E7066
IMG_7075
IMG_7073

Um Wee op Alice Springs, vun den Awunner och „The Alice“ genannt, fuere mir nees iwwert den „Tropic of Capricorn“ a verloossen domat d’Tropen. Drei Nuechte bleiwe mir zu Alice Springs déi drëtt gréisste Staat am Northern Territory mat 30.000 Awunner. Mam Bus plus däitsche Guide hu mir eng ausféierlech Visitt vun der Staat. Mir besichen ënner anerem de Royal Flying Doctor Service vun Australien déi hei ang Base hunn an d’School of the Air wou d’Kanner iwwert Internet ënnerriicht ginn déi ze wäit ewech vun enger Schoul liewen. Freides ass e freien Dag a mir genéissen dee beim Pool a mat Fotoe späicheren a Berichter schreiwen. Owes ass Grillparty ugesot.

IMG_7116
MFKZ9918
IMG_7128
IMG_E7129
IMG_7123
IMG_7144
IMG_7125

Ayers Rock, fir d’Aborigines „Uluru“, déi helleg Plaz vun den Anangu (den traditionelle Besëtzer vum Land). Bestëmmt dat bekanntste Wahrzeeche vun Australien. Déi 480km fuere mir relax op dëse gudde Stroossen mat engem Stopp beim „Stuarts Well Roadhouse“ wou och eng Kaméile Farm ass.

Ech maachen Sonndes eng ganz schéi Wanderung vun 11,5 Kilometer ronderëm den Uluru direkt nom Sonnenopgang. Den Dag drop fuere mir bei d’Steeformatiounen „Kata Tjuta“ (Olgas) déi 50 Km vum Camping leien a maachen och hei eng schéi Wanderung….einfach nëmmen d’Fotoe kucken!

IMG_7156
QVEW3613
IMG_7168
IMG_7247
IMG_7243
IMG_7238
IMG_20
IMG_7231
IMG_7304
IMG_7308
IMG_7311
IMG_7324
IMG_7317
IMG_7260
IMG_7328

Weider geet et iwwert Kulgera, e Roadhouse wou mir just schlofen an e Kaméil Burger iessen, op Coober Pedy. D’Staat ass bekannt fir den Opal deen hei ofgebaut a verschafft gëtt. Praktesch dräi véierel vun alle wäissen Opaler weltwäit ginn hei an der Ëmgéigend fonnt. Mir besichen eng Minn. Déi extrem Summertemperaturen (oft iwwer 40 Grad) hunn dozou gefouert dass vill Awunner (80%) an ënnerierdesche Wunnengen „dugouts“ liewen.

DOQW0629
IMG_7424
IMG_7353
IMG_7377
IMG_7358
IMG_7406
IMG_7385
IMG_7400

No 540km komme mir zu Port Augusta un an hunn elo den Outback no +/- 3.000km verlooss! Um Wee maache mir e Stopp beim „Kokatha“, de gréisste Salzséi hei an der Géigend. Ënnerwee musse mir och nach engem „oversize“ de Virtrëtt loossen. Riseg Weesfelder begleeden eis. D’Landschaft ass komplett anescht.

IMG_7351
IMG_7437
MHEO4563
IMG_7455
IMG_7444
IMG_7465

Zwee Deeg verbrénge mir zu Adelaide um Brighton Beachfront Holiday Park. Top Plazen direkt um Mier! D'Wieder ass super bei 29 Grad mat Sundowner an engem gudden Gin Tonic…....wat wëll ee méi?? Den zweeten Dag besiche mir Hahndorf, en däitscht Duerf, eng Kellerei an Owes grille mir zesummen. Och komme mir nees an eng aner Zäitzone a sinn elo 9 Stonne virun der europäescher Zäit.

IMG_7491
IMG_7603
JDPF3711
IMG_7617
IMG_7514
TPOK9897
IMG_7518
IMG_7540
IMG_7550
IMG_7568
IMG_7571
IMG_7576

Richtung Great Ocean Road bleiwe mir zwou Nuechten am Grampians NP a maachen do schéi Wanderungen.

SSEN1228
25
IMG_7706
IMG_E7663
IMG_7657
26
NCOR7403
IMG_7654
IMG_7696
VQKL0939
IMG_7652
IMG_7642
IMG_7678

Great Ocean Road ee vun den Highlight an Australien. Bestëmmt zielt des Küstestrooss zu de schéinste vun der Welt an ass 243Km laang. 13 Joer war d’Bauzäit. Si ass Ufank den 30er Joer gebaut ginn a war eng Aarbechtsbeschafung an der Grousser Weltwirtschaftskris zu der Zäit.

Ob dëser Stréck hu mir awer och nach Zäit Koalas ze bewonneren an zwou schéi Wanderungen duerch de kale Reebësch mat Farnbeem ze maachen.

IMG_7773
IMG_7778
IMG_7743
IMG_7761
IMG_7793
IMG_7797
IMG_7816
IMG_7809
IMG_7807
EOYI5372
IMG_6769
IMG_7825
IMG_7824
IMG_7837
IMG_7826

Melbourne mat 5.000.000 Awunner ass d’Haaptstad vum Bundesstaat Victoria. Dräi Deeg verbrénge mir an der impressionnanter Stad. Leider war d’Wieder net ëmmer gutt.

Beim Barbershop
Beim Barbershop
Docklands
Docklands
Docklands by night
Docklands by night
Op der Rennstréck vun der Fomel 1
Op der Rennstréck vun der Fomel 1
Botanesche Guard
Botanesche Guard
Street Art
Street Art
Victoria Market
Victoria Market
Kilda Beach
Kilda Beach
Gallerie of Aborigenes Art
Gallerie of Aborigenes Art
Duck op Wellington, e coole Pub
Duck op Wellington, e coole Pub

Eisen nächste Stopp ass Phillip Island. D’Wieder ass duerchwuess awer déi schéi Vue’en erënnere mech un Irland. Et sinn och nëmme 16 Grad….passt!

40
IMG_8063
IMG_E8077
41
SOOA1284

Dënschdes fuere mir weider an de Wilsons Promontory N.P. wou ech mäin éischte Wombat gesinn.

IMG_8099
IMG_8104
IMG_8114
IMG_8130
IMG_8159

Vun der Küst fuere mir e Stéck an d’Land duerch den Tarra Bulga N.P. Hei kënne mir zwou wonnerschéi Wanderungen duerch de kale Reebësch mat sengen ale Beem an de risege Farnbeem maachen. D’Wieder ass nach ëmmer e bëssi duerchwuess. Mee zu Lake Entrance ännert dat sech a mir kréien nees d’Sonn ze gesinn. Um Wee dohi maache mir e Stopp zu Raymonnd Island wou vill Koala’s sinn. Och hunn ech d’Chance e puer Pelikanen se fotograféieren.

IMG_8192
IMG_8188
IMG_8173
IMG_8187
42
LXIC6940
IMG_8260
IMG_8245
IMG_8239
IMG_8234
IMG_8270
IMG_E8292
IMG_E8306

Mir komme Sidney ëmmer méi no. Virdru maache mir awer nach e Stopp zu Eden an zu Canberra, d’Haaptstad vun Australien. Zu Eden kënne mir d’Salmon Rocks bewonnere, mat zwee Séiléiwen an de Muse vun de Killer Whales (Orcas). Fir Canberra sinn zwee Deeg virgesinn. Den National Muse ass wierklech interessant. Sonndes besiche mir d’Stad am Grupp mam Bus. An duerno nach zu Fouss.

Salmon Rocks
Salmon Rocks
Orca Museum
Orca Museum
National Museum of Australia
National Museum of Australia
Parlament House
Parlament House
National Gallery
National Gallery
War Memorial
War Memorial
In the City
In the City

Blue Mountains …… einfach kucken!!

IMG_8493
1
IMG_8498
IMG_8500
IMG_8501
IMG_8502
IMG_8521
LQCT3799
2
IMG_8495
IMG_8504
IMG_8511
IMG_8514
3