Mat schéinen Impressioune fuere mir Sonndes wieder an de Norden. Bei verschidde Punkten an eisem Roadbook bleiwe mir stoen. Forster, Port Macquarie a Coffs Harbour si beléifte Vakanzeplazen um Mier. Am Dorrigo N.P. maachen ech ech schéi Wanderung mam Julia, Feusi a Martina duerch de Reebësch.
Zu Byron Bay, dem östlechste Punkt vun Australien, bleiwe mir zwee Deeg a kënne gutt relaxe fir mat neier Energie op Brisbane ze fueren.