.......weider a Finnland

Warscheinlech fir eis Äddi ze soe sinn nach e puer Rendéier iwwert d’Strooss gelaf just virun eisem Camper. Just fir et festzehalen ! vun doheem bis op den Nordkap si mir 4515 Km gefuer an hunn 20 Deeg gebraucht.


Eisen éischte Stopp maache mir zu Inari (Lapland/Finnland). Dat ass d’Héichbuerg vun de « Sami » déi fréier en Nomadevollek waren an hei siesshalft gi sinn. E flotte Musée mat Open Air Musée konnte mir och hei besichen.

IMG_2215 (2)
IMG_2228
IMG_2229
IMG_2230 (2)
IMG_2232 (2)
IMG_2231
IMG_2233
IMG_2236

Hei a Finnland ass d’Wieder zimmlech duerchwuess. Och d’Natur ass komplett anescht wéi an Norwegen….nëmme Bësch (Bierken a Pinien) masseg Séier a keng Bierger. Bis elo muss ech soen dass mir Norwege besser gefall huet. Wat schéin ass sinn all déi Rendéier déi einfach fräi an der Natur lafen esou dass mir der vill gesinn a beim fuere mussen immens oppassen.

51
IMG_2244
50
IMG_2238 (2)
IMG_2248
IMG_2250 (2)
IMG_2256 (2)

E Sonndesch (29.6.) ass wierklech schlecht Wieder mee eis stéiert dat net. No enger roueger Nuecht am Yachthafe vu Rovaniemi, d’Haaptstad vun de Sámi, besiche mir den « Arktikum » (Science Center/Museum). Hei gi mir vill iwwert d’Arctic, d’Kultur vun de Sámi an d’Geschicht vu Finnland gewuer. Immens flott gemaach. Dräi Stonne verbrénge mir hei a fueren duerno Richtung Oulu um Bosnesche Golf.

Weider geet et iwwert Oulu wou mir d’Maarthal an d’Protestantesch Kierch besichen. Eng kleng Trëppel duerch d’Stiedchen ass och nach dran. An d’Sonn ass nees um rendez-vous !

IMG_2279 (2)
56
IMG_2287 (2)
IMG_2283 (2)
IMG_2293 (2)
57

Bei bloem Himmel si mir op Kokkola un d’Mier gefuer. D’Küstestrooss 749 ass eng vun de schéinsten hei a Finnland. Zu Jakobstad maache mir e Stopp fir eis e Quartier mat nëmmen Holzhaiser unzekucken déi den zweete Weltkrich iwwerstan hunn. Owes eng cool Plaz am Yachthafen zu Malax.

IMG_2300 (2)
IMG_2306 (2)
IMG_2305 (2)
IMG_2312 (2)
60
61
IMG_2320 (2)
IMG_2321 (2)
IMG_2330 (2)
IMG_2327 (2)
IMG_2335 (2)

D’Iddi ass nach bis op Rauma ze fueren an dann nees an d’Land op Tampere. Zu Kristiinankaupunki maache mir an der Mëttesstonn eng Paus fir eis déi al Holzhaiser unzekucken. Hei hu mir och d’Chance emol kënnen an eent eranzegoen. Interessant.

Owes zu Rauma am Hafen eng Stellplaz mat Café a Sauna!

70
IMG_2349 (2)
IMG_2348 (2)
IMG_2353 (2)
IMG_2354 (2)
IMG_2346 (2)
IMG_2365 (2)
IMG_2367 (2)
IMG_2369 (2)
IMG_2371 (2)

Mir fueren nees an d’Land, Richtung Savonlinna. Ënnerwee hu mir d’Chance ëmmer nees Parkplazen ze fanne bei engem Séi fir ze Iwwernuechten. Och wann d’Wieder duerchwuess ass kläert et Owes op a mir genéissen d’Natur. E puer Finne komme fir en Tour am Séi ze schwammen, bleiwen eng hallef Stonn a ginn nees. Mir sinn eleng !


Tëschenduerch gi mir zu Tampere den Aarbechtermusée kucken an zu Mänttä e Musée vun der gréisster Konschtstëftung vun Nordeuropa de « Museum Gösta ». Virun 100 Joer huet d’Famill Serlachius e Pabeierimperium hei opgebaut an d’Suen an eng Konschtsammlung gestach. Den Neveu vum Här Serlachius huet spéider dës Stëftung gegrënnt wou ee kann déi Konscht am Residenzhaus vun der Famill kucken.

IMG_2381 (2)
IMG_2379 (2)
IMG_2386 (2)
IMG_2389 (2)
IMG_2393 (2)
IMG_2401 (2)
IMG_2404 (2)
77
IMG_2406 (2)
IMG_2409 (2)
IMG_2408 (2)

Et ass esou schéin hei dass mir spontan en Dag bleiwen a relaxen.

Nach ëmmer Richtung Savonlinna gesi mir vun der Strooss eng al Holzkierch an déi gi mir eis ukucken. Mir sinn zu Petäjävesi. D’Kierch ass an de Joren 1763-65 vun de Bewunner aus den Häff ronderëm gebaut ginn. 1994 ass se praktesch komplett erhalen an d’Lëscht vum UNESCO Kulturierwen opgeholl ginn. Owes Iwwernuechte mir beim Séi zu Rantasalmi.

IMG_2439 (2)
IMG_2448 (2)
IMG_2441 (2)
IMG_2445 (2)
IMG_2446
IMG_2450 (2)
IMG_2453_Rantasalmi beim Séi (2)

Haut besiche mir zu Savonlinna d’Buerg vun 1475 « Olavinlinna » genannt. Si ass gebaut ginn op enger klenger Fielseninsel fir d’Grenz ze schützen. Am Laf vun de Jore gouf si vun de Schweden an de Russen erobert a bewunnt. No ville Benotzungen ass si haut eng historesch Buerg mat Concert’en an Operen am Summer déi vill Leit unzéien. An Owes am Yachthafe vu Puumala !

IMG_2499 (2)
IMG_2475 (2)
IMG_2491 (2)
78
IMG_2484 (2)
IMG_2483 (2)
IMG_2496 (2)
IMG_2506 (2)
IMG_2511_Puumala (2)

En Dënschdeg den 8te Juli huet et de ganzen Dag gereent an ech hu profitéiert eng Wäsch ze maachen. An der Galerie Prisma zu Lappeeranta ass e Wäschsalon. Praktesch ! Owes war d’Wieder nees tip top an ech hunn och eng cool Stellplaz bei engem Kanal zu Porvoo fonnt.

Vun do geet et direkt op Helsinki moies fréi a mir kréien déi lescht Plaz am Hafen déi mir awer bezuele mussen iwwert eng Park App. Mee mir kënnen déi zwee Deeg zu Fouss Helsinki besichen. Einfach super mat Vue op déi grouss Cruise Schëffer an d’Ferry’s wann se ukommen an auslafen.

Hei huele mir och de Ferry e Freideg fir op Tallinn/Estland woumat eise flotten Tripp a Norwegen a Finnland op en Enn geet.

79
IMG_2533 (2)
IMG_2545 (2)
IMG_2540 (2)
IMG_2543 (2)
80
IMG_2562 (2)
IMG_2617 (2)
IMG_2603 (2)
IMG_2529 (2)
81
IMG_2606 (2)

Gemiddlech fuere mir duerch Baltesch Länner, Polen, Tschechien bis an Éisträich fir nach beim Chantal an Tom e Stopp vun zwee Deeg ze maachen. Op eiser Route gesi mir ëmmer nees flott Saachen an hunn och nees op schéi Stellplaze vun der App « park4night » geschlof.


Eigentlech wollte mir och nach e Stopp zu Auschwitz maache mee leider ass dëse Site esou besicht dass mir keng Ticket’e kritt hu bis an zwou Wochen. Et beweist dass d’Mënsche sech nach ëmmer staark dofir interesséieren an et net vergiess ass !


Zu Warschau leeë mir da kuerzerhand e Stopp a wou mir d’Alstad besichen. Flott ass dass mir 600 Meter vun der Alstad ewech eng Stellplaz kréie wou mir och kënne schlofen.

Hill of Crosses a Litauen
Hill of Crosses a Litauen
Hei schlofe mir nees beim Séi
Hei schlofe mir nees beim Séi
E Bam um Wee..
E Bam um Wee..
Polen d'Land vun de Storchen
Polen d'Land vun de Storchen
Stellplaz am Hafen zu Wilkasy
Stellplaz am Hafen zu Wilkasy
Mutter Gottes Statiounen um Wee
Mutter Gottes Statiounen um Wee
D'Alstad vu Warschou
D'Alstad vu Warschou
D'Martplaz zu Warschau
D'Martplaz zu Warschau
D'Festungsmauer vu Warschau
D'Festungsmauer vu Warschau

Merci iech all, dass dir wéi ëmmer mäi Site vun Zäit zu Zäit besicht a léif Message maacht. Bis dann déi nächste Kéier fir eng nei Aventure….


Michèle