Den 21ten Oktober sollte mir am Camping KOA anchecken no bei Halifax (35Km). No genauer Iwwerleeung hu mir decidéiert an e Motel zu Halifax ze goen. Hei hu mir eng Parkplaz virun der Dier a waarm Duschen. PROBLEEM HEIZUNG ! Och si mir ganz no bei allem….Hafen, Fluchhafen, Restaurant etc. Elo heescht et de Camper fir d’Schëff ze präparéieren.
Dat gëtt nach e bëssi Aarbecht. Et sinn ewell immens streng Kontrolle wat een däerf am Camper loosse fir den Transport. All Iesse muss eraus. Och Gewürzer, Reis oder Nuddelen. Keng Medikamenter, Spraydousen, Botzmëttel, Akkuen, Alkohol etc. Et sinn alt Camper net matgeholl ginn nodeems de Besëtzer scho fort war an de Kontroller Verschiddenes refuséiert huet. Zënter dem 10ten Oktober huet all Camper e Kontroller deen zesumme mam Besëtzer de Camper duerchkuckt beim ofginn am Hafen. Seabridge déi eisen Transport organiséieren hunn eis geroden emol eng Ökostut prett ze hale fir alles wat se refuséieren !