Moies si mir natierlech frou dass mir duerchgefuer sinn. Eis Fënster hält och wann et e bëssi rareent. Dat fléckt de Rob, eisen hollännesche Frënd vum Grupp, mat Silikon an extra Pechband !
Puebla gefält eis ganz gutt. Eng zwou Millioune Stad mat kolonialem Flair. Puebla läit op 2.200 Meter an engem Dall ëmgi vu féier Vulkanen. D’Stad steet schonn zënter 1987 op der UNESCO Lëscht vun de Weltkulturierwen. Déi gréisste Firma ass d’VW-Wierk mat 16.000 Aarbechter. Ronderëm den Zócalo spillt sech dat ganz mexikanescht Liewen of. Musek, Danz, Terrassen etc. Do probéiere mir och e Plat dee "mole poblano" heescht. Verschidden Sauce mat Fleesch, Poulet oder Canard. Et ass och eng mat Schockola dobäi.