Zu Tepotzotlán wou eise Camping ass fir zwee Deeg komme mir da géint 16 :00un. Vun do kënne mir Mexico City mat engem Bus besichen. En ustrengenden Dag awer wierklech flott. Den Anthropologesche Musée, d’Kathedral, en Trëppeltour duerch d’Alstad an d’Mariachis stinn um Programm.

IMG_5486
IMG_5512
IMG_5495
IMG_5521
IMG_5492
IMG_5443
IMG_5557
IMG_5555
IMG_5566

Mir kommen ëmmer méi no un de Schluss vun eiser Rees mam Janette an och un d’Grenz vun Amerika!

Zu Guanajuato bleiwe mir och dräi Nuechten. E super Owend verbrénge mir zesumme mam Hedi a Ruebi zu Guanajuato. Mat enger Musek gi mir duerch d’Alstad an duerno gutt Iesse mat Vue op den Zocalo. D’Ambiance ass genial mat ville Leit. Et ass Samschdeg Owend.

Sonndes kënne mir och San Miguel de Allende besichen, eng léif Stad mat vill Flair. D’Visitt vu Guanajuato ass Méindes wou mir och eng Sëlwermin kënne besichen. Guanajuato ass bekannt fir seng Sëlwerminen déi awer all a Kanadescher Hand sinn.

Owend zu Guanajuato
Owend zu Guanajuato
Mat dëser Band si mir duerch d'Stad
Mat dëser Band si mir duerch d'Stad
An nach e bëssi gedanzt
An nach e bëssi gedanzt
San Miguel de Allende
San Miguel de Allende
Coole Bistrot zu San Miguel de Allende
Coole Bistrot zu San Miguel de Allende
Hei schloen d'Kanner drop mat engem Béngel bis d'Kamelle gefall kommen
Hei schloen d'Kanner drop mat engem Béngel bis d'Kamelle gefall kommen
D'Kathedral zu San Miguel de Allende
D'Kathedral zu San Miguel de Allende
Sëlwermin als Musée
Sëlwermin als Musée
Bis 600 Meter déif ass gegrouwe ginn.
Bis 600 Meter déif ass gegrouwe ginn.
D'Uni zu Guanajuato
D'Uni zu Guanajuato
Guanajuato
Guanajuato

Elo kommen zwee Deeg wou mir vill fueren. Et ass nach ëmmer schrecklech waarm an d’Waasser gëtt knapp. Mir kafe méi 5 Liter Bidon’e well och op de Campinger d’Waasser ofgespaart gëtt.

Iwwert Lago Chapala geet et weider op Playa Chacala (650km). An der Stad Tequila maache mir e Stopp. Blo Weber-Algaven ginn hei ugeplanzt fir Tequila ze maachen. Déi kleng Stad ass Welthaptstad vum Tequila. Natierlech gi mir do eng Brennerei « Cava de Oro » besichen. Et ass just hei an der Sierra vu Jalisco wou dës blo Algaven geziicht ginn. Véier Joer mussen se wuesse bis da just d’Häerzstéck verschafft gëtt fir Tequila. Dat ass richteg Knachenaarbecht fir d’Blieder ewech ze maachen. Alles nach mat der Hand well dofir gëtt et keng Maschinn. D’Häerzstéck gëtt gekacht an dann ausgepresst fir an d’Holzfässer.Tëschent 4-7 Joer bleift den Tequila gelagert. 11 Joer dauert et bis mir e gudden Tequila kënnen drénken. D’Blieder gi geholl fir Schreifpabeier a Stoff respektiv Kleeder ze maachen.

IMG_5892
IMG_5838
IMG_5836
IMG_5857
IMG_5906
WEIR9725

D’Playa Chapala a San Blas sinn zwou schéi Stellplazen direkt um Mier. Hei ass d’Géigend vun der Jackfrucht. Si ass längelsech, huet eng gummiaarteg Schuel mat klengen Noppen drop. Schmaacht gutt ass awer eng pecheg Geschicht a schwéier aus der Schuel erauszehuelen. Si ass tëschent 30-100 cm laang, 15-50 cm Duerchmiesser an 0,5 bis 50 kg schwéier. Zu San Blas organiséiert d’Janette e Grillowend mat Scampi’en a mir maachen Zaloten an Dessert. Super Owend.

Mexcaltitán de Uribe zielt zu de « mageschen Uerten » vu Mexico. Et ass eng Insel déi zum Deel vun de Leit déi do wunnen opgeschott ginn ass. Hei ginn et keng Autoen a keng Motorrieder. Ongeféier 800 Leit wunnen hei a +/- 300 Haiser. Bal all hunn Elektresch a Waasser. Awer nëmme 16% en Handy. Mir parken a schlofen um Schluss vun enger Sakgaass déi un den Uleeër grenzt wou mir kënne mat klenge Booter op d’Insel fueren. Hei feiere mir och den Abschied vun zwou Koppelen déi zréck an d’Schwäiz mussen. Et gëtt nees e lëschtegen Owend op der Strooss well hei ass jo kee Verkéier.

Déi nächst zwou Nuechte verbrénge mir zu Mazatlán, och um Strand. Hei ass nees en Abschid an zwar vum Almut, dem Janette seng Assistentin, an enger däitscher Koppel déi wëlle weider op D’Baja de California fueren. D'Almut muss eng "Piñata" zerschloe fir u säi Kaddo ze kommen. Eng Piñata ass aus papier maché gemaach an ass oft en Déier oder wéi beim Almut eng Mickymaus. Bei all Kannergebuertsdag ass eng Piñata dobäi. Den Dag drop si mir nach mat Jeep'en duerch d'Stad an owes gutt Iessen.

IMG_5992
IMG_6004
VXPM5114
NTAR8424
NVKJ4376
IMG_6037
NBNF0240

Méindes, den 20te Mee ass eng vun de längste Strécken (525 km) bis op El Fuerte. Zwar vill Autobunn mee dat si keng ewéi bei eis ! Zu Los Mochis hu mir e RV fir no eiser Klimaanlag an der Fuererkabin kucken ze loossen. Mir mengen d’Killwaasser misst nogefëllt gi mee et ass de Kompresser dee futti ass. Weder de Garage wou mir sinn nach Mercedes hunn dëse Modell esou dass d’Klimm net ka gefléckt ginn…..net witzeg bei 40 Grad am Dag. D’Gemeng El Fuerte läit nordlech am Bundesstaat Sinaloa. D’Alstad El Fuerte ass 1564 gegrënnt ginn an zielt zënter 2010 zu de Pueblo Magicos. Si huet schéi kolonial Haiser ronderëm den Zocalo. Owes iesse mir an der Stad. An den Zorro war och dobäi.

Bis op Alamos sinn et nëmmen 180 km an de gréissten Deel gutt Stroossen. Alamos läit am Wüüstestaat Sonora mëtten an de Bierger vun der Sierra Madre. D’Stad hat hir Boomzäit ëm 1700 wou hei vill Sëlwer fonnt ginn ass. Schéi kolonial herrschaftlech Haiser an eng Kathedral sinn déi Zäit gebaut ginn. Álamos ass ganz beléift bei den Touristen. 1861 ass de Biergerkrich a Sonora ausgebrach an d’Fransouse vu Guaymas mat hirem Chef de Pancho Villas hunn de ganze Süden ausgeraibert. Ausser Alamos ! de Villa huet déi Stade sou schéi fonnt, dass hien do wollt wunne spéider an der Pensioun.
Ënnerwee war nees eng Liewensmëttel Kontroll. Bei der leschter hunn se d’Eeër konfiszéiert, dës kéier d’Uebst. Mir hate keent am Frigo an am Wäschkuerf hunn se net gekuckt !! Déi mini Dierfer wou mir duerchfueren si méi wéi einfach. E puer Bëton’s Haiser op stëppsechem Buedem.

IMG_6112
IMG_6113
IMG_6115
IMG_6121
IMG_6129
IMG_6136
IMG_6150
IMG_6156
IMG_6162
IMG_6164

Vun Alamos fuere mir op Guaymas wou mir och den Ofschloss feiere vun dëser super Rees. D’Janette offréiert en Abschids Iessen an enger schéiner Hacienda mat Piscine wou mir och iwwernuechten. Hei ass eng Pärelzuucht « Perlas de Mar de Cortéz » Et ass déi eenzeg an Nordamerika a Weltwäit vun dëser Zort Pärelen. Mir gi se besichen. Mega interessant.

IMG_6199
IMG_6201
IMG_6197
PMRI9982
MXWS8217
IMG_6203
NFTJ1886
QESA4326

Déi lescht Nuecht a Mexico verbrénge mir zu Santa Ana. Et ass eng einfach Stellplaz an der Stad déi awer net weider interessant ass. Beim leschte Briefing ginn och nach déi ugefaange Fläschen, Gin, Tequila, Wäin etc eidel gemaach.
Samschdeg, de 25te Mee verloosse mir Mexico a fueren zu Nogales iwwert d’Grenz a d’USA. No zwee Méint mam Janette hu mir et gepackt trotz alle Problemer déi mir haten. Zu Tombstone sti mir fir d’lescht zesummen um « Dry Camping ».
Tombstone ass en historescht Stiedche wou een sech an d’Zäit vun de Karl May Bicher zeréckversat fillt. Am OK Corral ginn all Dag ab 17 :00 Auer Pistoulen Dueller zwëschent dem Wyatt Earp, Doc Holliday, Virgil, Morgan Earp an den Mc Laurys an de Clantons nogestallt déi sech 1881 hei zougedroen hunn.
Am Western Saloon Big Nose Kate, fréier eng Cowboy-Bar déi de Numm vun der éischter Prostituéierten an anscheinend dem Doc Holliday senger Frëndin huet, drénke mir mam Janette dee leschte Whisky……dat ass Traditioun !

XBBRE7429
IMG_6248
ESNW0831
IMG_6242
IMG_6245
IMG_6254
RYVV6695
IMG_6282