Méindes huet d’Wieder ëmgeschlo an et huet dräi Deeg gereent. Och dat ass Norwegen ! Mir sinn iwwert d’Route 17 (Küstestrooss) gefuer, an och am Reen ass et eng super Strooss mat Waasserfäll an immens Bierger a Fjorden. Zu Bodo huele mir de Ferry fir op d’Lofoten a wéi op Uerder ass do schéi Wieder. Sonn awer nëmmen 10 Grad. Et ass schonn 20 :30 a mir checken am Camping direkt am Hafen an a bleiwen zwou Nuechten. D’Vespa gëtt emol profitéiert. Hei gesi mir nees wéivill Leit mat de Camper ënnerwee sinn. Vill Däitscher an Norweger, e puer Fransousen a Schwäizer sinn och dobäi.