No der schéiner Zäit zu Mull of Kintyre fuere mir weider Richtung Stirling. Awer net ze schnell. Zu Inveraray maache mir e Stopp a ginn dat schéint Schlass vum 13ten Duke of Argyll kucken. Schlofen och do, bei enger Gäertnerei, a maache Samschdes en Ausfluch op Killin. Et sinn immens vill Leit ënnerwee well d'Wieder esou formidabel ass mat 22,5 Grad.....a Schottland!!