Owes ass et dunn weider gang op Christchurch wou mir Samschdes ukomm sinn a Sonndes Moies eise Camper ofgeholl hunn.
En Apollo RV Star. De Rescht vum Dag ass ageraumt ginn a mir sinn op engem schéine Camping no beim Zentrum vu Christchurch.
Witzeg war dass Owes nom Iessen et un eiser Dier geklappt huet an ee sot « Mir hunn äre Fändel gesinn a wollte
just Bonjour soen » Et muss e wëssen dass de Jang ëmmer direkt de lëtzebuergesche Fändel ophänkt a natierlech och dee vun dem Land wou mir da grad sinn.
Op jiddefalls war et flott e puer Wuert mat enger lëtzebuergescher Koppel ze schwätzen déi elo no 4 Wochen zréck op Auckland fiert a vun do nees Heem flitt.