D’Panamericana ass eng Schnellstrooss déi Alaska mat Ushuaia (Feuerland) verbënnt. Bis op e klengt Stéck bei
Panama ass déi Strooss komplett befuerbar.
Scho virun zwee Joer wollte mir dës Rees maachen, wat awer dunn aus teschneche Grënn
net méiglech war.
Elo ass et awer esou wäit, d’Abenteuer geet un!, a mir si voll an der Preparatioun fir dëst Joer an
zwar am Oktober ze starten.
Dat héiert sech elo nach esou laang un mee et si vill Saachen ze klären an ze organiséieren.
Eise Camper geet de 16te September op d’Schëff zu Zeebrugge a gëtt mat enger japanescher Reederei op Buenos Aires an den Hafen Zarate bruecht. Vun do geet eis Aventure lass a mir wäerte 6 Méint a Südamerika ënnerwee
si bis mir no ongeféier 12-14 verschidde Staaten an 30.000km zu Tombstone am Arizona ukommen. Dësen Deel maache mir awer net eleng mee mat anere Camper an engem Guide. Mir kenne verschidde Leit well mir schonn zesumme Süd Afrika gemaach
hunn.
Dann ass et awer fir eis nach net eriwwer well mir nach weider wëllen duerch Amerika fueren. Dësen Deel maache mir awer op
eis. Viraussiichtlech si mir e Joer on Tour bis Oktober 2020.
Mat zwee Pneuen a Solarzelle si mir gutt equipéiert.