Astorga
Eigentlech wollte mir jo lanscht d’Küst vum Atlantique fueren an dann erof an de Portugal mee elo hu mir awer d’Idee kritt fir duerch
Spuenien dem Pilgerwee no ze fueren bis op St.Jacques de Compostelle.
Zu Astorga, mir sinn den 10ten Mee, maache mir e Stopp. Eng grouss Stad
awer mat engem flotten Duerfkäer. Et ass frësch an owes fänkt et och u matt reenen. Mir schlofen op engem einfache Camping am Bësch zu Villamartin de la Abadia, no bei Leon.
Den Dag zu St.Jacques de Compostelle ass leider vereent a mir verloosse Spuenien mat impressionnanten Andréck vun all deene Pilger déi do no engem laangen an ustrengende Wee ukommen.