Den Tour mam Bus zu Johannesbourg huet eis gewisen dass Joburg-City wierklech net schéin ass. Praktesch all Häiser an Hoteler sin net méi bewunnt. Déi grouss Geschäfter sin an den Norden vun Joburg gezun.
Duerfir
ass eis Heia safari ranch formidabel. Hei gesin mir schon eis éischt Giraffen. D'Roundals wou mir wunnen sin ganz einfach awer et ass alles do wat een brauch.
Sonndes owes si mir beim Denis an Sandor invitéiert. Den Denis ass en Frënd
vum Jang, deen hien schon 20 Joer net méi gesin huet. Deen Owend war einfach super fir den Ufank vun esou enger Rees.
Méindes hu mir Pretoria visitéiert mam Burenmemorial an dem Unionbuilding.
Muer kréien mir eisen
Camper.........🙂