No e puer schéiner Deeg zu Föhr musse mir de ganze Wee zréck op Vun Hoek van Holland wou et mat der Stella Line 13:45 eriwwer an England op Harwich geet wou mir da
géint 21 :00 Auer ukommen. De John, d'Nadine an d'Joy sinn nees heem gefuer.
Moies fuere mir relax 215 Km op CAMBRIDGE. Den Navi stelle mir op gréng
a kréien da lauter kleng Stroossen déi grad esou schmuel si wéi de Camper an et geet duerch vill kleng schéin Dierfer mat schéinen Haiser déi bal all en Daach aus Stréi hunn.
Cambridge wat nëmmen esou wibbelt vun historesche Gebaier. D'UNIVERSITY OF CAMBDRIDGE ass mat bal 20 COLLEGES an ale Gebaier iwwert d'Stad verdeelt, de Publik ass jonk a
mir ginn andauernd ugeschwat fir en « PUNTING », dat heescht mat engem flaache Boot mat enger Staang iwwert de Floss gefouert ze gi vun engem Student.
Muer geet et weider op Oxfort.