Um Wee op Aqaba hu mir missen duerch e Sandstuerm fueren! Et huet een net vill gesinn!! Nach eng Nuecht am Hotel, da weider an de Berenice Beach Resort.
Eng flott Plaz fir ze waarde bis mir an den Hafe geruff ginn. Um 14:00 ass et esou wäit. Bis mir däerfe mat de Camper zréck an de Berenice Beach fuere vergi Stonnen. Et gëtt 19:30! Mee dat si mir gewinnt. Hei ass et net anescht wéi
a Süd Amerika. Et muss een och hei net alles verstoen!!!!!
E puer T-Shirten a Boxe vum Jang hunn dem Hafepersonnal gutt gefall,
genau esou wéi eise Waasserkocher!! Praktesch fir jordaneschen Téi ze maachen 🤪