Den zweeten Dag op South Georgia huet gutt ugefaang a mir si mam Zodiac u Land gefuer. Hei lieft eng Kolonie vun Adélie Pinguinen. Net manner wéi 300.000 Stéck.
U Land goen ass eng mega Operatioun well mir sinn zu 400 Leit a pro Zodiac kënne 15 Leit transportéiert ginn. Mir sinn a fënnef Gruppen agedeelt a mir sinn
de bloe Grupp.
Géint 15 :30 ware mir zréck an dunn huet d’Wieder verréckt gespillt. E Grupp vun 60 Leit ass op Grytviken (e Walfangduerf)
blockéiert gewiescht an huet missen an engem klenge Musée Schutz siche well de Wand enorm staark ginn ass esou dass d’Zodiacen net méi fuere konnten. D’Richtung vum Wand huet permanent geännert. Géint 19 :00
Auer waren dunn all Leit nees um Schëff.